Toilettenhaische fir 820.000 oder léiwer eent fir 600.000 Euro?

© AFP
Vun Dixie bis op "Hight-Tech-Luxus": Et gi vill verschidden Zorten ëffentlech Toiletten an deementspriechend och vill verschidde Präisser.
U sech reege sech déi mannste Leit iwwer ëffentlech Toiletten op. Ausser vläicht, wann ee se ganz dréngend brauch an et ass grad keng an der Géigend oder déi, déi do ass, ass aus diverse Grënn net benotzbar.
Aktuell gëtt et zu Los Angeles an zu Stuttgart awer e ganz anere Grond, wisou d'Leit sech iwwer déi ëffentlech Toiletten opreegen: De Präis, awer net dee fir d'Benotzen!
Stuttgart: 600.000 Euro ausserhalb vun der Stad
Zu Stuttgart gouf elo en Toilettenhaischen opgeriicht, wat un de Präis vun engem Eefamilljenhaus erukënnt: 600.000 Euro. Wärend d'Bierger dëst als "verschwenderesch" bezeechnen, erkläert d'Stad Stuttgart, datt et sech bei der Toilette ëm eng "Hightech-Anlag" géif handelen, déi sech selwer botzt a viru Vandalismus geschützt wier, schreift den SWR. Laangfristeg géif een domadder also Sue spueren.
Ageweit gouf d'Toilette, déi am Wanderpark Egelseer Heide steet, den 9. September a gouf bis ewell vun 1.000 Leit genotzt. D'Lag huet dann och um Präis bäigedroen, well hei extra hu misste Kabelen a Leitunge verluecht ginn, esou de Buergermeeschter vu Stuttgart. Ma d'Lag ass eben och eppes, wat vill Leit kritiséieren. Well dës Toilette ginn däitlech manner genotzt, wéi déi, déi an der Stad selwer opgeriicht ginn.
Los Angeles: Stad mat Geldproblemer baut deier Toiletten
Ma wie 600.000, fir en "High-Tech"-Toilettenhaische schonn deier fënnt, dee soll am beschten net op Los Angeles kucke goen. Hei kascht d'Haischen fir déi kleng a grouss Geschäfter ronn 960.000 US-Dollar, also ëm déi 822.000 Euro a soll um Agang vum Runyon Canyon am Staddeel Hollywood opgeriicht ginn. D'Awunner schwätze vun "extremer Geldverschwendung". Et huet sech esouguer eng Aktiounsgrupp vun Awunner forméiert, déi eng Firma fonnt hunn, déi dat selwecht fir den hallwe Präis géif opriichten. Grousse Problem ass hei: D'Stad LA huet massiv Geldproblemer.
D'Buergermeeschtesch léist awer vun hirer Pressespriecherin erklären, datt dës Gréngzon zu Hollywood all Joer vun ronn zwou Millioune Leit genotzt ginn, vun Naturfrënn, iwwer Leit mat Hënn bis zu Touristen. Ma och vill Prominenter kann een hei ëmmer erëm treffen. Eppes, wat awer jiddereen, deen d'Plaz notzt, guer net gär huet, sinn d'Toiletten, déi däitlech an d'Jore komm sinn a meeschtens net richen no Rouse richen.
Wisou een awer elo eng Anlag, déi no un enger Millioun US-Dollar kascht, dat erkläert d'Karen Bass net.
San Francisco: Et geet och anescht!
D'Stad am Norde vu Kalifornien hat 2022 fir ëffentlech Toiletten 1,7 Milliounen Dollar virgesinn. Dat hat fir hëtzeg Debatten an der Populatioun gesuergt. No villem hin an hier huet San Francisco du just nach ronn 200.000 US-Dollar fir Toilettenhaisercher investéiert.