Schonn zanter Méint plot sech d'Stad Malmö mat Dausende Glieser Nutella, mat deene si theoretesch näischt kënnen ufänken.

D'Palette mat der Schoko-Noss-Crème fir op d'Schmier goufen zoufälleg an engem Lager entdeckt. Verkaaft gi kënne se net. De Problem ass nämlech, dass een net weess, vu wou dee ganze Schockela iwwerhaapt hierkënnt. Vun de schwedeschen Autoritéiten konnte se op alle Fall net retracéiert ginn. Et ginn och soss keng Informatiounen, vu wou den Nutella ass.

Ewechgeheie kënnt net a Fro

Eleng scho well et eng richteg Schan wier, d'Glieser einfach ewechzegeheien, kënnt déi Optioun vu vir eran net a Fro. An elo gëtt et méi politesch. A Schweden ass et nämlech per Gesetz guer net erlaabt, munch Liewensmëttel ewechzegeheien, wann net virdrun d'Verpackung fortgeholl gouf. Dat heescht am Kloertext, d'Glieser mussen eidel sinn. Bei 2.260 där grousser Nutella-Glieser dierft dat nawell e bësse méi laang daueren.

Et wéilt een awer lo bei der Regierung nofroen, ob et net besser wier, dat Gesetz e bëssen unzepassen.