Weltwäit huet sech d'Zuel vun deene Leit, déi u Kriibs stierwen, an de leschte 25 Joer staark erhéicht a kéint bis 2050 nach weider klammen.

Wéi et en Donneschdeg an der US-Fachzäitschrëft "The Lancet" heescht, ass d'Zuel vun den Doudesfäll vun 1990 bis 2023 ëm 74 Prozent op ongeféier 10,4 Milliounen geklommen. Fir 2050 prognostizéieren d'Auteure vun der Etüd méi wéi 18,5 Milliounen Doudesfäll.

Déi grouss ugeluechten Etüd gouf am Kader vum Projet "Global Burden of Disease" gemaach an deckt 204 Länner an Territoirë souwéi Kriibserkrankungen of. D'Prognosen, déi op Berechnunge vu Modeller opgebaut sinn, ginn als aussokräfteg agestuuft, ma d'Zäitspan wier ze grouss. Bei der Zuel vun Doudesfäll 2023 léich se tëscht 9,6 an 10,9 Milliounen.

Weider seet d'Etüd, dass sech d'Zuel vun den Neierkrankungen zanter 1990 méi wéi verduebelt hätt. Se louch 2023 bei 18,5 Milliounen. Bis 2050 kéint se ëm 61 op 30,5 Millioune klammen.

D'Majoritéit vun de Patienten huet 2023 a Länner mat nidderegem a mëttlerem Akommes gelieft. Broschtkriibs wier déi Kriibsaart, déi am meeschte diagnostizéiert gëtt, déi meescht Doudesfäll goufen awer duerch Longen- oder Speiserörekriibs verursaacht.

Dass d'Zuel vun den Neierkrankungen a vun den Doudesfäll eropgaangen ass, läit awer och um Bevëlkerungswuesstem an dorun, dass d'Mënsche méi al ginn. De Kriibsrisiko klëmmt mam Alter.

Méi wéi 4 vun 10 Doudesfäll duerch Kriibs (41,7 Prozent) waren 2023 gläichzäiteg op Risikofacteuren zeréckzeféieren, déi een hätt kënne vermeiden. Zum Beispill besonnesch d'Fëmmen, ma och schlecht Ernärung, staarken Alkoholkonsum oder héije Bluttzocker.

Dass méi wéi d'Hallschent vun de weltwäite Kriibs-Doudesfäll net op konkret Risikofacteuren zeréckzeféieren sinn, weist der Etüd no awer och, dass am Kampf géint de Kriibs d'gesondheetlech Preventioun eleng net duergeet. Zur Bekämpfung vun dëse Fäll muss bei zwee Punkten ugesat ginn: un der Kriibs-Fréierkennung an u wierksamen Therapien. An dofir brauch et de Fuerscher viurn allem eppes: méi Suen.