Zuel vun den Honnertjäregen an Däitschland klëmmt

© Fabian Sommer / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Net nëmmen an eisem Nopeschland, och weltwäit klëmmt de Chiffer vun deene Leit, déi op d'mannst 100 Joer al sinn.
Enn 2024 gouf et an Däitschland 17.900 Persounen, déi op d'mannst 100 Joer al waren. Dat ware 24 Prozent méi wéi 2011, sou dat Statistescht Bundesamt zu Wiesbaden. Dobäi louch de weiblechen Undeel bei de Mënschen iwwer 100 Joer bei 83,8 Prozent. 2011 waren et souguer 87 Prozent.
Bezunn op d'Gesamtpopulatioun liewen déi meeschte Leit iwwer 100 zu a ronderëm Hamburg. Do goufen der d'lescht Joer 2,9 op 10.000 Awunner gezielt. Hannendru kommen d'Bundeslänner Sachsen a Saarland. Déi mannsten Honnertjäreg goufen a Bayern an zu Bremen registréiert.
Och weltwäit huet d'Zuel vun de Persounen, déi op d'mannst 100 Joer al sinn, zougeholl. 2011 koumen der 0,4 op 10.000 Mënschen. Entretemps sinn et der 0,7. Déi meescht liewen a Japan (121.000), an den USA (70.000) an a China (43.000).