E Familljepapp aus Däitschland huet no engem hallwe Joer säi Lous erëmfonnt a sech domat 15,3 Milliounen Euro am Lotto geséchert.

E Lotto-Millionär aus Hessen huet säi Lous zoufälleg no engem hallwe Joer an enger Jackett entdeckt a kritt elo 15,3 Milliounen Euro. D'Lotto Hessen GmbH hat scho Méint laang, ënner anerem mat Affichen, nom anonymme Gewënner gesicht, wéi d'Gesellschaft e Méindeg zu Wiesbaden gemellt huet.

Datt hie selwer mat sechs Richtegen an der Superzuel den Jackpot geknackt hat, ass dem Familljepapp aus dem Rhein-Main-Gebitt guer net an de Kapp komm. Vun der Sich nom Gewënner hat hie souguer héieren a sech geduecht, "wéi blöd kann een eigentlech sinn, dat net ofzehuelen?", gouf den neie Multimillionär zitéiert.

"Ech hätt ni geduecht, datt ech dee Gesichte kéint sinn", sou de Mann weider iwwer säi Gewënn.

Säi Lous hat hien am Mäerz an d'Täsch vun enger Jackett gestach a Méint laang am Schaf vergiess. Do huet hie säin Ziedel d'lescht Woch erëmfonnt an eréischt du säi Volltreffer erkannt.

Op seng Pläng mam Gewënn ugeschwat, huet hie spontan en neie Kannapee genannt, dovunner ofgesi wëllen hien a seng Fra virun allem fir d’Kanner virsuergen.