Et fléien ëmmer nach vill ze vill Liewensmëttel an d'Poubelle
Een Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi op der Welt produzéiert ginn, fléien an d'Dreckskëscht.
Och hei am Land ginn europäesche Statistiken no méi ewéi 120 Kilo Liewensmëttel pro Kapp pro Joer ewechgehäit. Et gouf also fir näischt produzéiert, Waasser verbëtzt an CO2 an d‘Loft geblosen. Déi 3,3 Gigatonnen Zäregasen, déi ëmsoss ausgestouss ginn, maachen ëmmerhi bal dat fënneffacht vun den Emissiounen aus der Aviatioun aus.
Am Kader vum internationalen Dag géint d’Liewensmëttelverschwendung war rezent de Wëssenschaftsjournalist an Auteur Ranga Yogeshwar op Besuch zu Lëtzebuerg. An engem interaktive Virtrag huet de fréiere WDR-Presentateur d’Verbëtze vu Liewensmëttel an de grousse Kontext gesat.
D‘Statistike weise virop, datt de Konsument den Haaptschëllegen ass.
"Wa mer da mierken, datt doheem, jo, also mir Konsumenten, 50 Prozent dovunner ausmaachen, also wann een et rechent, gi mir 15 Prozent vun de Liewensmëttel direkt an d'Tonn. Dat kléngt fir d'éischt emol komesch, mee wann ech soen, okay, du keefs eppes, du bezils Geld a 15 Prozent vun deene Sue landen, ouni dass de iergendeppes hues an der Dreckskëscht, ech mengen, dat versteet jiddwereen, do muss eppes änneren."

Source: antigaspi.lu
Lëtzebuerg läit do an der europäescher Moyenne. Gaspillage ass virun allem ee Phänomen vu räiche Gesellschaften, wéi de Ranga Yogeshwar ënnersträicht:
"Wann een et weltwäit kuckt, da gëtt an deene Länner, wou d’Leit vill manner Suen hunn, vill manner ewechgehäit, ganz einfach, well se sech dat net leeschte kënnen. Dat ass also indirekt och e bëssen e Problem vun enger räicher Gesellschaft."
Et huet an den Ae vum Ranga Yogeshwar awer net nëmmen domadder ze dinn, dass d’Leit an de sougenannten "entwéckelte Länner" vun allem ze vill hunn, mee och dorunner, dass an deene Länner vill fäerdeg Produiten a Plate kaaft ginn, also de Lien mam Liewensmëttelprozess verluer goung.
Wichteg wier et, de Prozess vum Produit ze kennen, andeems een zum Beispill selwer kacht. Da kréich een eng Relatioun zu de Liewensmëttel an et géing ee se net sou séier ewechgeheien. D‘Technik ka villes verbesseren, mä virun allem awer géing d‘Kultur eng grouss Roll spillen, sou de Lëtzebuerger Ranga Yogeschwar:
"Villes gënschteg matbréngen an hunn, datt mer dat esou lues e bëssen änneren. An dat ass eng Fro vu Kultur, dat ass haut den Owend ugeklongen. Deen Apel, dee vläicht net de schéinsten am Land ass, mee e bësse schrompeleg, dee schmaacht vläicht gutt. An dat ass e bëssen e Schrëtt zeréck an enger Welt, déi sech normalerweis pinselt an hautzedaags e bëssen och bei Instagram pimpt: an ze erkennen an deem, wat net esou schéin ass, läit dach eng Schéinheet."
Op senger Konferenz huet de bekannten Auteur dann och eng kloer Fuerderung formuléiert: an eise Schoule sollen erëm Kachcoursen agefouert ginn, fir dass déi Jonk erëm selwer kachen a léieren, d’Liewensmëttel erëm méi ze respektéieren.
"Mir kommen elo un eis Grenzen", seet de Ranga Yogeshwar mat Bléck op déi sëllege rezent Naturkatastrophen, wéi d’Héichwaasser 2021 am Ahrtal. Trotzdeem bleift hien optimistesch. Virun allem bei deene jonke Generatioune gesäit hien Indicen fir ee Mentalitéitswiessel an och Aktioune wéi d'"Gielt Band", mat deenen an de Bongerte Beem markéiert ginn, un deene jiddereen Uebst dierf plécken, maachen dem Ranga Yogeshwar Courage.
D’EU huet rezent eng nei Direktiv op de Wee bruecht, mat där bis 2030 an der Produktioun 10 Prozent manner soll verbëtzt ginn. Fir den Handel, d'Restauratioun an d'Stéit leien d'Zieler souguer bei 30 Prozent.
D’Konferenz mam Ranga Yogeschwar gouf organiséiert vum Landwirtschaftsministère. D’Ressortministesch Martine Hansen huet verséchert, datt d’Regierung d’Problematik eescht hëlt a Mesuren ëmsetzt.

© Ranga Yogeshwar