14 Joer ale Jong flücht mam Mercedes vum Papp mat 150 Km/h virun der Police

© AFP
Zwee 14 Joer al Jonge waren an der Nuecht op e Mëttwoch mam Mercedes vum Papp ënnerwee, wou si an eng Course-poursuite mat der Police gerode sinn.
D'Course-poursuite ass queesch duerch d'Stad Hildesheim gaangen, ier se schliisslech an engem Feld am Staddeel Güldenfeld op een Enn gaangen ass. D'Jongen hunn dunn nach probéiert, sech zu Fouss aus dem Stëbs ze maachen, mee d'Beamten hate si séier ageholl.
Ugefaangen huet dat ganzt géint 3.45 Auer, wou déi zwee Jongen enger Patrull vun der Autobahnpolizei entgéintkoumen. De Beamten ass eng futtis Luucht opgefall, a wou se méi no komm sinn, hu si gesinn, datt de lénken Deel vum Capot agedréckt war. D'Beamten hunn doropshin hire Won gedréint, fir d'Leit am Auto ze kontrolléieren - den Alter war hinnen deen Ament nach net bekannt.
De 14 Joer ale Jong hannert dem Steier wollt sech allerdéngs net kontrolléiere loossen an huet op de Gas gedréckt. Et war eng wëll Course-poursuite - d'Jonge waren deelweis op der Géigespuer ënnerwee, si mat Geschwindegkeete vu bis zu 150 Stonnekilometer gefuer an hu Rout Luuchten ignoréiert. D'Beamten hu si zäitweis aus den Ae verluer, well d'Fuerweis ze geféierlech war, ma si konnten d'Spuer erëm ophuelen. D'Jonge sinn an engem Feld hänkebliwwen an hunn nach probéiert, sech zu fouss fortzemaachen, ma si koumen net méi wäit.
Déi zwee Jonge vu 14 Joer goufe mat op de Policebüro geholl, ier si un hir Elteren iwwergi goufen. Den Auto, mat deem si ënnerwee waren, huet deemno dem Papp vun engem vun de Jonge gehéiert. De futtisse Capot war iwwerdeems warscheinlech d'Resultat vun engem Accident, dat déi zwee kuerz virun der Course-poursuite mat der Police gebaut haten.
D'Police huet direkt e puer Ermëttlungen an d'Weeër geleet, ënnert anerem wéinst Fueren ouni Erlabnis, Fuererflucht an enger verbuedener Autoscourse.