Aalt vs neit Equipement: Eeneeëg Zwillinge wëlle Mera Peak am Nepal eropklammen
Zesumme mat der Portsmouth University wëllen d’Zwillinge vergläichbar Datesätz liwweren, mam Bléck op den Afloss vum Equipement beim Alpinismus.
An der Biergsteiger-Zeen gëllt et als ee vun de gréisste Misteren, déi bis haut net gekläert sinn: 1924 sinn de George Mallory an den Andrew "Sandy" Irvine beim Versuch, de Mount Everest eropzeklammen, verschwonnen. Bis haut weess keen, ob si, éier si verongléckt sinn, hir Missioun gepackt hunn an domat déi éischt gewiescht wieren, deenen dat gelongen ass, oder net. Zu hirem Gedenken hunn déi eeneeëg Zwillingen Hugo a Ross Turner sech honnert Joer méi spéit e ganz speziellen Challenge gesat: Si klammen de 6.476 Meter héije Mera Peak am Nepal erop: Ee vun hinne mat modernem Equipement an ee mat enger originalgetreier Nobildung vum Mallory sengem Equipement, dat hie bei der Montée op den Everest bei sech hat.
Well d’Zwillinge genetesch identesch sinn, erlaabt hiert Experiment eng wëssenschaftlech Auswäertung dovun, wéi sech d’Equipement op hir Leeschtung auswierkt. D’Daten erhiewe se an Zesummenaarbecht mat Fuerscher vun der Portsmouth University. Déi vergläichbar Datesätz sollen esouwuel an déi zukünfteg Entwécklung vu Produiten wéi och a Sécherheetsrichtlinne fir Asätz bei kalem Wieder afléissen. Zum anere soll de Projet awer och Informatiounen iwwert d’Facteure vum Equipement vun der brittescher Everest-Expeditioun vun 1924 ginn, bei där den George Mallory an den Andrew Irvine verschwonne sinn.
Bis haut gëtt doriwwer diskutéiert, ob si et bal 30 Joer virun den haut unerkannten éischte Biergsteiger Edmund Hillary an Tenzing Norgay gepackt hunn, d’Spëtzt vum Mount Everest z'erreechen.