Poopst kritt Päerd geschenkt

© VATICAN MEDIA/AFP/Handout
De Poopst Leo XIV. huet e besonnescht Geschenk kritt.
E Mëttwoch huet e polnesche Päerdsziichter dem Poopst am Vatikan e Vollbluttaraber geschenkt. De Poopst Leo XIV. wier "héicherfreet" iwwer de Kaddo gewiescht, sou den Ziichter Andrzej Michalski Vatican News géintiwwer.
Zum Geschenk inspiréiert hätten hie Biller vum Poopst aus senger Zäit als kathoulesche Missionar am Peru, op deenen hien op Päerd ze gesi war, sou de Michalski weider. Den 12 Joer alen Hengscht Proton wier e "wierdegt" Geschenk fir de Poopst, well säin hellgro-wäisst, donkel gefleckte Pelz faarflech mat der Soutane vum Poopst vergläichbar wier.
Als Ersatz fir de Papamobil dierft de Proton vum Poopst allerdéngs net benotzt ginn. Nom Wonsch vum Ziichter Michalski soll d'Päerd versteet ginn an den Erléis u bedierfteg Leit goen.
Et kënnt ëmmer nees vir, datt de Poopst Geschenker kritt, déi da fir de gudden Zweck versteet ginn. Dem Leo säi Virgänger François hat wärend sengem 12 Joer laange Pontifikat ënnert anerem zwee Ieselen an ee Luxus-Auto vun der Mark Lamborghini lackéiert an de Faarwen vum wäiss-giele Vatikanwopen geschenkt kritt.