Majoritéit vun de Produiten op Temu a Shein erfëllen d'EU-Ufuerderungen net
 
                    © AFP
D'Stiftung Warentest warnt viru gëftegen a geféierleche Produiten, déi op de Verkafsplattformen Temu a Shein ugebuede ginn.
162 Produite vun Drëttubidder goufen ënnersicht, déi dës Plattformen notzen. 110 hunn d'EU-Sécherheetsufuerderungen net erfëllt, wéi et en Donneschdeg vu Stiftung Warentest heescht. Schuedstoffer goufen zum Beispill a Spilldicher fir Puppelcher fonnt a gëfteg Schwéiermetalller a Bijouen.
 
"Bei ville beléifte Produiten op Temu a Shein hu mir zum Deel schro Mängel festgestallt", sou de Florian Ostermann vu Stiftung Warentest. "Dës presuméiert gutt Offere si bis ewell gëfteg, brandgeféierlech an erfëllen déi aktuell EU-Standarden net. Mir roden de Keefer, déi betraffe Produiten z'entsuergen a gutt ofzeweien, wéi eng Produite si op Temu oder Shein bestellen."
 
Stiftung Warentest huet eng Lëscht op hirem Site verëffentlecht, wou een d'Artikelnummere vun onséchere Produite fënnt.
 
Am Test ware 54 Halsketten, 54 USB-Chargeuren a 54 Spillsaache fir Kanner ënner dräi Joer. Zum Beispill goufen a faarwege Stoffdicher fir Puppelcher eng ze héich Dosis Formaldehyd fonnt. Dëse Stoff ka Kontaktallergien ausléisen. Bei ville Produite sti keng Warnhiweiser drop. Zwou Halsketten hu geféierlech vill Cadmium enthalen, mat engem Grenzwäert, deen ëm dat 8.500-facht méi héich war. Cadmium gëtt als kriibserreegend agestuuft, sou den Ostermann. Dës Produite misst ee souguer nei enger Sammelstell fir Schuedstoffer ofginn.
 
Och all getesten USB-Chargeuren hunn d'EU-Sécherheetsbestëmmungen net erfëllt. Sëllege Produite si beim Lueden ze gliddeg ginn, an dat bis zu ronn 88 Grad Celsius. Erlaabt sinn an der EU e Grenzwäert vu maximal 77 Grad. Staark Hëtzt kann d'Karkass aus Plastik verformen, d'elektronesch Isoléierung beschiedegen an am schlëmmste Fall kann de Chargeur a Brand geroden.
 
Déi a China gegrënnte Plattformen Temu a Shein sinn op den Direktverkaf vu Wueren aus dem EU-Ausland spezialiséiert. Si lackele mat extrem bëllegen Offeren. Zu Bréissel lafe géint béid Firmen Enquêtë wéinst méigleche Verstéiss géint EU-Gesetzer am Hibléck op de Konsumenteschutz an d'Reegele fir Online-Plattformen.
 
                     
                     
                     
                    