No der Wurscht koum d'Police
 
                    © JENS KALAENE / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Well de blesséierte Mann net wousst, wou en dru war, hat en d'Police geruff. Op der Plaz ukomm, hunn d'Beamten dunn net schlecht gestaunt.
En 28 Joer ale Mann hat e Mëttwoch Owend spéit d'Police alarméiert, well hie sech blesséiert hat. Hie konnt de Beamten awer net soen, wou hie sech géif befannen, sou datt se sech direkt op d'Sich gemaach haten nom Onglécklechen.
Vu datt Schwäbisch Hall am Nordoste vu Baden-Württemberg net all ze grouss ass, war de Mann séier lokaliséiert. Apropos "Lokal". Et sollt sech erausstellen, dass den Haaptacteur vun dëser Geschicht méi wéi ee Patt iwwert den Duuscht gedronk hat, an, wuel opgrond vu sengem Zoustand, aus der Fënster vun engem Lokal gefall war. Dobäi hat hie sech seng Blessuren zougezunn. Souwäit, sou schlecht.
A sengem Dusel war dem Mann net opgefall, dass hie beim Noper am Bannenhaff gelant war. Amplaz do no Hëllef ze ruffen (hie muss wierklech duerchernee gewiescht sinn), war en op d'Iddi komm, sech Zougang zum nächste Gebai ze verschafen. Eng Metzlerei. A scho stoung hie virun der Théik. Do waren du warscheinlech all Péng a Konfusioun verflunn (carrement "Wurscht"?). Beim Ubléck vun de leckere Fleeschwuere gouf hien op alle Fall ablécklech rëm monter.
Nodeems en sech eng giel an eng rout Wurscht gegënnt hat (dat villt Drénke mécht hongreg), hat de Vollert der Police ugeruff. Wéi hie bis fonnt war, gouf eng Ambulanz geruff fir de Blesséierten an d'Spidol ze bréngen. Iwwerdeems waren och d'Bedreiwer vun der Metzlerei kontaktéiert ginn. D'Leederin vun der Filial sollt aus alle Wolleke falen a konnt duerno déi ganz Nuecht net méi schlofen. Ëmmerhin hat déi Persoun bei hir am Buttek geleeën a gewurschtelt.
D'Nadja Merkel (net Famill mam Angela) wosst ganz genee, wat si den Owend virdrun ageraumt hat. Dohier konnt si de Beamten direkt e Rapport virleeën. Ausserdeem wier och nach en Netz géint Dauwe beschiedegt gi vum Wurscht-Déif. E kuerzt Laache konnt sech déi laangjäreg Mataarbechterin vun der Metzlerei awer, trotz dem Schock, net verknäifen.
Vun der Police vu Schwäbisch Hall heescht et iwwregens, dass de Mann, um Moien no senger Aventure, nach net uspriechbar gewiescht wier. War him awer warscheinlech Wurscht.
 
                     
                     
                     
                    