Grouss Ouverture
Neie Cactus zu Lalleng huet endlech seng Dieren opgemaach
Neie Cactus zu Lalleng huet seng Dieren opgemaach
Jorelaang hunn d'Awunner aus an ëm d'Minettmetropole drop gewaart, datt den neien a moderne Lëtzebuerger Supermarché opgeet. En Dënschdeg war et esou wäit.
Jorelaang hunn d'Awunner aus an ëm d'Minettmetropole drop gewaart, datt den neien a moderne Lëtzebuerger Supermarché opgeet. En Dënschdeg war et esou wäit.
18 Joer huet et gedauert, bis aus de Pläng och e Supermarché entstanen ass. Mat 7.000 Quadratmeter Verkafsfläch ass et den drëttgréisste Cactus am Land. Nieft dem Supermarché selwer sinn och 15 weider Geschäfter hei installéiert. De Projet vum grousse Lallenger Cactus huet ronn 150 Milliounen Euro kascht. Nieft dem Shoppingzenter sinn op dëser Plaz awer och nach 67 Wunnengen entstanen.
Am meeschte gelies