Bei enger Verkéierskontroll vun der Police zu Hamburg war de Beamten een Auto besonnesch an d'A gestach.

Ze séier, net ugestréckt, den Handy iwwert dem Fueren am Grapp, Alkohol hannert dem Steier, Drogen am Blutt oder duerch rout gefuer. Dat waren d'Grënn, wisou sëllege Chauffere bei enger Kontroll zu Hamburg vun der Police ugehale goufen. Ma een Auto ass der Police awer besonnesch an d'A gestach: eng Farschoul, déi duerch rout gefuer ass. Och dee Won gouf gestoppt an do koum eraus, dass de Farleerer weder déi néideg Pabeieren hat, nach eng Erlabnis fir déi agebauten Zousazpedallen. Eng Enquête leeft.