Well e sech Suergen ëm säin Noper gemaach huet, huet ee Bewunner vun engem Appartement zu Frankfurt am Main ongewollt säin Noper un d'Police verroden.

Alles ass lassgaange wéinst den Noper en Dënschdeg e puer Bluttspueren um Buedem virun der Wunnengsdier vum 41 Joer ale Mann gesinn huet, sou d'Police an der hessescher Stad. De besuergten Noper huet un der Dier geklappt a geschellt, ma keen hätt reagéiert. Hien huet den Noutdéngscht gewielt.
 
D'Police an d'Pompjeeën hunn d'Dier opgebrach. Ee Blesséierten hu si allerdéngs net direkt fonnt, dofir awer e Cannabis-Geroch an d'Nues kritt an aner, besonnesch fir d'Police, interessant Saache fonnt. An der Wunneng louche fir Drogenhandel typesch Accessoiren, doropshi gouf de Parquet informéiert. Aus dem presuméierten Noutfall gouf dunn eng ordonéiert Perquisitioun. Dobäi goufen e puer Kilo Marihuana, Haschisch an aner Substanzen aus der Kategorie Rauschgëft séchergestallt, souwéi e puer Telefonen.
 
Nach wärend der Perquisitioun ass dunn den 41 Joer ale Locataire vun der Wunneng op eemol opgetaucht. Hie koum do grad aus dem Spidol, wou hie sech wéinst enger bluddeger Verletzung behandele gelooss hat. Déi hat hie sech zougezunn, well hien eegenen Aussoen no vun zwee Onbekannten ugegraff gi wier, déi a seng Wunneng andrénge wollten. Zu de Virwërf wéinst Drogebesëtz an -handel wollt hien awer näischt soen.
 
Laang Zäit fir sech auskuréieren hat de Mann net, hien huet misse mat op de Policebüro. Eréischt nodeems alles protokolléiert war, duerft de Mann nees Heem. Géint hie leeft eng Plainte, ma anengems ermëttelt d'Police am Fall vun der Kierperverletzung, wat awer net zu sengem Virdeel wäert verlafen.