Dat war eng Cafésvisitt, déi sech fir e 24 Joer ale Mann zu Gelnhausen bei Offenbach definitiv gelount huet.

Wéi hien op der Toilette war, krut hie vun enger onbekannter Persoun e puer Geldschäiner an d'Hiem gestach. De jonke Mann war uganks vun 20 Euro ausgaangen an huet mat dësen zwee Béier kaf a wollt de Rescht Suen dem anonyme Spender zeréckginn, dëse war allerdéngs verschwonnen.

Doheem huet de 24 Joer jonke Mann du bemierkt, datt him honnerte vun Euroen zougestach goufen. Well en onsécher war, ob hien d'Sue méiglecherweis aus Versi krut, huet hien d'Police alarméiert. Déi huet en Opruff lancéiert, fir de mysteriéise Mann ze fannen an de Virfall opzeklären.

Bei der "verschenkter" Zomm soll et sech ëm e méi héijen dräistellege Betrag handelen.