Dat klengt "Naomi Penelope Lewis"
Am Verbundkrankenhaus Bernkastel/Wittlich koum den 1000. Puppelchen op d'Welt
© Verbundkrankenhaus Bernkastel/Wittlich
De 7. November koum et am Verbundkrankenhaus Bernkastel/Wittlich zu enger ganz besonnescher Gebuert. Den 1000. Puppelche gouf begréisst.
Um 14.55 Auer huet dat klengt Naomi Penelope Lewis am Verbundkrankenhaus Bernkastel/Wittlich gesond a monter d'Liicht vun der Welt erbléckst an dat mat engem Gewiicht vu 4.284 Gramm a butzegen 55 Zentimeter.
Fir déi glécklech Koppel ass et dat éischt Kand an d'Gebuert gouf esou deemno nach méi onvergiesslech. Ma och fir d'Ekipp am Spidol war dëst e besonnesche Moment.
Am meeschte gelies