Zesumme si si 216 Joer al. D'Eleanor an de Lyle Gittens hunn zwee Weltkricher iwwerlieft a sinn soulaang matenee bestuet wéi keng aner Koppel op der Welt.

D'Geheimnis vun hirem Gléck kléngt méi einfach, wéi een denkt. "Mir si frou mateneen".

Eng offiziell Préifungskommissioun vu LongeviQuest huet hiren Acte de mariage vun 1942 analyséiert, mat sëllegen aneren Dokumenter verglach an ass zum Resultat komm, datt d'Eleanor an de Lyle tatsächlech déi Koppel sinn, déi weltwäit am längste matenee bestuet ass. Si si mat hire gemeinsamen 216 Joer och déi eelste bestuete Koppel vun der Welt.

D'Koppel hat sech 1941 bei engem Basketmatch kennegeléiert. De 4. Juni 1942 hate si sech d'Jowuert ginn, just éiert de Kyle agezu gi war. Op hirem Hochzäitsdag hat de Kyle réischt dem Eleanor seng Famill kennegeléiert. Hien hat dräi Deeg Congé kritt a senger Kasär a war laang mam Zuch gefuer fir seng grouss Léift ze bestueden.

Onsécher Zukunft

Wéi de Kyle un déi italieenesch Front geschéckt gouf, war d'Eleanor schwanger a wousst net, ob hie géif zréck kommen. Si sollt op New York plënneren, huet d'Famill vun hirem Mann kennegeléiert an zenséiert Bréiwer vun hirem Lyle kritt. Hie sollt awer heemkommen, an nom Krich hu a Büroe vun der Regierung geschafft. Mat 69 Joer sollt d'Eleanor op der Fordham University promouvéieren.

Haut liewen se zu Miami bei hirer Duechter Angela. Och wann de Lyle heiansdo säin New York vermësst. Si genéissen hir Zäit zesummen a sinn nach ëmmer glécklech mateneen.