Brosch vun Napoleon fir Rekordzomm vun 3,79 Milliounen Euro versteet
© AFP/PIERRE ALBOUY
Dem Auktiounshaus Sotheby's no war se op ronn 128.800 bis 214.600 Euro geschat ginn.
Eng historesch Brosch vum Napoleon Bonaparte ass zu Genf an der Schwäiz fir d'Rekordzomm vun 3,79 Milliounen Euro versteet ginn. Déi mat Diamante besate Brosch, déi de franséische Keeser 1815 no der verluerener Schluecht vu Waterloo zeréckgelooss hat, huet e Mëttwoch bei wäitem d'Erwaardungen iwwertraff. Dem Auktiounshaus Sotheby's no war se op 120.000 bis 200.000 Schwäizer Frang (ronn 128.800 bis 214.600 Euro) geschat ginn.
D'Brosch, déi 1810 fir den Napoleon gemaach gi war, huet en Duerchmiesser vu ronn 45 Millimeter. An der Mëtt ass en Diamant vun 13,04 Karat, dee vu knapp honnert méi klengen Diamanten ëmginn ass.
D'Brosch war an enger vun de Kutschen, déi bei der Flucht vum Napoleon aus Waterloo am Bulli stieche bliwwe waren. Den 21. Juni 1985, dräi Deeg no der Schluecht vu Waterloo, gouf se dem Kinnek Friedrich Wilhelm III. als Belounung iwwerreecht.