Bloen Diamant fir iwwer 25 Milliounen Dollar versteet
© AFP
E bloen Diamant ass zu Genf fir méi wéi 25 Milliounen Dollar - ëmgerechent knapp 22 Milliounen Euro - versteet ginn.
Deen an engem schlaangefërmege Rang gefaasste "Mellon Blue" huet domat de geschate Wäert vun 20 bis 30 Milliounen Dollar erreecht, sou d'Auktionshaus Christie's e Méindeg den Owend.
De Steen vun 9,51 Karat gehéiert zu "de schéinste faarwegen Diamanten, déi jee op enger Auktioun ugebuede gouf", sou de Responsabele fir Bijoue bei Christie's Rahud Kadakia. Den Diamant huet joerzéngtelaang der US-Gaardebauarchitektin, Konschtsammlerin a Philanthropin Rachel "Bunny" Lambert Mellon gehéiert, déi 1961 am Optrag vum President John F. Kennedy de berüümte Rousegaart vum Wäissen Haus ëmgestallt hat.
De bis ewell héchste Präis, dee jeemools fir e bloen Diamant bezuelt gouf, hat den "Oppenheimer Blue" 2016 erreecht. E gouf bei Christie's fir 57,5 Milliounen Dollar (haut knapp 50 Milliounen Euro) versteet.