Enkelin Helen Patton huet Graf vun hirem Bop zu Hamm besichtegt
© Shutterstock (Archiv)
Op Instagram huet d'US-Ambassadrice eng Foto vun der Enkelin Helen Patton beim Graf vun hirem Bop gedeelt.
En Dënschdeg war d'Helen Patton, Enkelin vum General George S. Patton Jr. zu Lëtzebuerg, fir um US-amerikanesche Veterans Day de Graf vun hirem Bop ze besichen. Dat huet déi US-amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg, d'Stacey Feinberg, op Instagram gedeelt.
Den General George S Patton Jr. huet eng essentiel Roll am Zweete Weltkrich bei der Lëtzebuerger Befreiung vun Nazi-Däitschland am September 1944 gespillt. 1945 war hie bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm a gouf nom Begriefnis zu Heidelberg op de Kierfecht zu Hamm verluecht, fir seng Dote fir d'Lëtzebuerger Land am Krich ze éieren.