E Freideg verschenkt RTL a leschter Minutt déi lescht Tickete fir de WM-Quali-Match géint Däitschland. Hei gitt Dir gewuer, wat dofir gefrot ass.

Mode d'emploi:

Mellt Iech u mat engem SMS (50 Cents / Message) um Nummer 62468, a schreift d'Stéchwuert FUSSBALL dran.

Maacht Äre Radio un a lauschtert opmierksam no. Wann den Arbitter päift, ruffe mir enger Persoun un, déi sech via SMS ugemellt huet.

Sollt Ären Telefon schellen, da gitt drop a jäitzt en enthusiastesche "GOOOOOOOOOOOOLLLLLLLLLLLLL" dran.

All aner Äntwert loosse mir net gëllen, an deen Nächste kritt d'Chance.

An dann hutt Dir zwee Tickete gewonnen (... oder Dir hutt eng aner verwonnert Persoun op der Strëpp, déi sech freet, firwat Dir sou jäizt. Dat kann natierlech passéieren. Wäert awer warscheinlech net passéieren.)

D'Partie vun de Roude Léiwe géint Däitschland wäert natierlech op alle Plattforme vun RTL live iwwerdroe ginn. Um 20.45 Auer gëtt ugepaff.

Virdrun am LIVE! PLANET PEOPLE sinn iwwregens d'Kolleege vum däitschen RTL zu Gaascht. Freet Iech op d'Laura Wontorra, de Lothar Matthäus an de Wolff-Christoph Fuss.