An e Bléck hannert d'Kulisse vun der Schwäizer Garde
© Servizio fotografico Vaticano - Vatican Media
An e puer Fotosgalerië gi mer Iech en Abléck hannert d'Kulisse vum Vatikan.
Virun e puer Deeg war de Lëtzebuerger Fotograf Marc Schoentgen privat op Roum an an de Vatikan an hat do ganz besonnesch Momenter erlieft, déi hie mat senge Fotoen dokumentéiert huet.












































































































































































































































































































De Marc Schoentgen, haaptberufflech Polizist, Chef de Service vum Service Palais, Responsabel fir d’Protection des lieux vun den dréi Groussherzogleche Residenzen, huet an de leschte Joren als Fotograf och ëmmer nees mat Initiativen, Publikatiounen oder Ausstellungen op sech opmierksam a sech en Numm am In- an Ausland gemaach. Lescht Woch duerft de Fotograf an Auteur als Invité un der Generalaudienz op der Péitersplaz deelhuelen. Uschléissend un d’Audienz konnt hien de Poopst Leo XIV. perséinlech treffen a sech kuerz ënnerhalen an huet dem Pontifex als Kaddo säi Buch "1766 - Der Votivaltar“ iwwerreecht.


































































































































































































































Uschléissend stoungen nach e Besuch beim Colonel Vabio Vagnoni vum Corpo della Gendarmeria Vaticana an een Empfang vum Kommandant, dem Oberst Christoph Graf, vun der Schwäizer Garde um Programm.








































































































































































































































































































































































































































































































Mat senge Fotoe gëtt de Marc Schoentgen en Abléck an de Péitersdoum, dem däitsche Kierfecht bannent de Mauere vum Vatikan, der Gendarmeria, der Schwäizer Garde an och an d’Kierch Santa Maria Maggiore, wou de Poopst Franziskus seng lescht Rou fonnt huet.