Wall Trampoline: Den neien Extremsport-Trend

© AFP
Weem nomaalt Trampolin-Sprangen ze banal an ze einfach ass, dee kéint Gefalen un der neier spektakulärer Alternativ "Wall Trampoline" fannen.
Si sprange vun enger 5 Meter héijer Mauer, falen op den Trampolin a klammen d'Mauer wéi am Film nees erop. Wat d'Trampoline Wall Spezialiste maachen, héiert sech net nëmme speziell un, mä et gesäit och nach ganz artistesch aus. Fir e puer Sekonne gëtt et keng Schwéierkraaft an doraus maache si eng Show.

Déi gréisst Gemeinschaft vun dësen Artistë gëtt et am Québec a Kanada, do wou och d'Originë vum weltbekannte "Cirque du Soleil" a villen aneren Artisten-Zirkusse leien.

Zënter 3 Joer gi "Wall Trampoline" Kuren an der "Québec Circus School" ugebueden an de Succès ass immens grouss. An der Tëschenzäit interesséiere sech awer net méi nëmmen Zirkus-Kënschtler, mä och aner sport-begeeschtert Leit fir dësen Trend.