D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Heemwéi, d'Tripartite, Ekaba a Lëtzebuerg géint Italien am Futtball

Fanny Kinsch
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 7. Juni 2026

Wéi hutt dir är Vakanz verbruecht? Waart Dir vläicht fort mat den Elteren oder doheem bliwwen? Oder vläicht souguer op eng Kolonie oder ee Camp? An de KannaNiuuss schwätze mir dës Woch iwwert d’Theema Heemwéi. Dat ass, wann ee fort ass a säin Doheem vermësst. Dat hu bestëmmt scho vill Kanner selwer erlieft. Dofir hu mir déi lescht Woch d'Kanner op der Päischtkolonie vum Groupe Animateur am Mariendall besicht. Si ware fënnef Nuechten ouni Eltere fort. Si hunn eis hir Tipps an Tricks erzielt, déi hinne géint d'Verlaangere gehollef hunn.  

"Déif An- an Ausootmen, dat hëlleft ëmmer. Oder eng gutt Ëmaarmung", seet zum Beispill dat 12 Joer alt Nelly. Aner Kanner soten, dass et hinnen hëlleft, wann si sech oflenken. 

An dat ass och genau richteg, seet och d’Anastasia Angelinoudi. Si ass ënner anerem eng sougenannte Famillje-Coach am Famillje-Center an hëlleft Familljen a schwieregen Situatiounen. Mat Theme wéi Heemwéi kennt si sech aus a gëtt eis am Reportage Tuyauen, wat een, ausser sech ofzelenken, géint Heemwéi maache kann.  

Am Newsblock erkläre mer, wat bei der Tripartite erauskomm ass a firwat et wichteg ass, dass de Mindestloun eropgeet. Mir kucken och zréck op d'Decisioun vun der Ekabe, keng Mëllech méi vu Lëtzebuerger Baueren ze huelen an op de Frëndschaftsmatch géint Italien am Futtball.

All d'Emissiounen op RTL Play

Kannaniuuss

KannaTivi

Eis Stëmmen

Back to Top
CIM LOGO