D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Liichtmëssdag, Unisex Toiletten, d'Schülerzeitung Fräsch News

Julie Thilges
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 8. Februar: D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläert

Dës Woch kucke mer op zréck op e Méinden de Liichtmëssdag: Do hate mir e Grupp vu Kanner zu Sandweiler begleet, wéi si mat hire Lampione vun Haus zu Haus gaange sinn. Ganz vill diskutéiert goufen awer och d’Unisex-Toiletten. Mir erkläre kuerz, firwat et do esou vill Diskussioune gouf, a wat eigentlech geplangt ass. An de Wanter bleift present: D’Niagara-Fäll waren nämlech ageschneit an an Däitschland war e Floss vun Äis bedeckt. An dann hunn e Freiden d’Olympesch Wanterspiller ugefaangen.

An am Reportage duerno geet et ëm eng Schülerzeitung zu Sandweiler: D’Schüler wollte fir hir Zeitung e Journalist interviewen, a well si en Interview mat engem aus eiser Ekipp gemaach hunn, ass d’Iddi opkomm, e Reportage iwwert si ze maachen. D’Schülerzeitung Fräsch News ass ganz nei, an do gi mir der Fro no, wéi eng Schülerzeitung iwwerhaapt entsteet. Nieft Interviewen hu si Comicken a Basteltipps, et sinn awer och méi eescht Theemen dobäi, ewéi ënnert anerem en Artikel iwwert Mobbing.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO