
Zréck am Zeeche vun den Olympesche Réng. De Rapper Snoop Dogg ass fir den US-amerikaneschen Tëleessender NBC op den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina dobäi. Schonn zu Paräis op de Summerspiller 2024 hat sech de Sportfan op ville Kompetitioune gewisen a fir Ënnerhalung gesuergt.
De 54 Joer ale Kult-Museker huet vum Olympesche Comité vun den USA souguer den Titel vum “Éieren-Trainer” zougesprach kritt. De Coach Snoop seet awer, hie wier just do, fir déi amerikanesch Athleten unzefeieren, si ze motivéieren a vläicht e puer Rotschléi ze ginn. Am Virfeld vun de Spiller hat war him och d’Éier zoukomm, beim Olympesche Fakellaf dierfe matzemaachen.