
De Louvre zu Paräis huet eng éischte Kéier Biller vun der ramponéierter Kroun verëffentlecht, déi ee vun de Brigangen nom spektakulären Abroch am Oktober an de Musée wärend der Flucht verluer hat. Zwee kleng Stécker wieren allerdéngs fort: e gëllenen Adler an eng Dose Diamanten.
D’Kroun hat de leschte franséische Keeser Napoleon III. fir seng Fra Eugénie an Optrag ginn am Kader vun der Weltausstellung zu Paräis 1855. De roude Samettestoff banne vun der Kroun war ronderëm vun Adleren aus Gold an aneren Elementer mat Diamante bedeckt. An der Mëtt war eng mat Diamanten a Smaragde besate Bull mat engem Kräiz. Am Ganze war d’keeserlech Kappbedeckung mat 56 Smaragden an 1.354 Diamante besat.
Am Oktober d’lescht Joer haten d’Täter d’Kroun dem Louvre no fir d’éischt aus enger Spléck an der Vitrinn gezunn, déi si mat enger Trennscheif drageschnidden haten. E puer Elementer vun der Kroun waren dobäi ofgebrach. Dono wier se “duerch en heftege Schock zesummegedréckt ginn”, wuel wéi se op de Buedem gefall ass, wéi d’Brigangen no e puer Minutte fortgelaf sinn. D’Kroun gouf, wéi de Louvre elo matgedeelt huet, ënnert dem Balcon fonnt, iwwert deen d’Täter an de Musée geklomme waren. Iwwert dee si se och nees geflücht.
De Louvre huet dann awer och nach wësse gedoen, dass d’Kroun ka gefléckt respektiv komplett ka restauréiert ginn. Et soll och elo geschwënn ee Restaurateur erausgewielt ginn. Seng Aarbecht soll vun engem Grupp Experten iwwerwaacht ginn, deen aus de bedeitendste Bijoutieren aus Frankräich bestoe wäert. Ënnert hinne Cartier a Van Cleef & Arpels.
D’Kroun war op der Weltausstellung presentéiert ginn, d’Keeserin Eugénie huet se awer selwer ni ugehat. Fir si gouf et deemools keng Kréinungszeremonie, esou de Louvre. D’Kroun vun hirem Mann war nom Enn vun der franséischer Monarchie zerluecht a verkaaft ginn, déi hei gouf bannent der Famill verierft. 1988 hat dunn de Louvre se kaf. Et ass eng vun dräi Krounen aus der franséischer Monarchie, déi nach erhale bliwwe waren.
Beim Abroch den 19. Oktober haten zwee Täter an hir zwee Komplize Bijoue mat engem materielle Wäert vun ongeféier 88 Milliounen Euro geklaut. Vum historesche Wäert guer net ze schwätzen. Déi Véier sëtzen an Untersuchungshaft. Vun de geklaute Bijoue feelt bis haut all Spuer. Experte ginn dovun aus, dass Heeler déi wäertvoll Steng erausgebrach hunn an d’Gold ageschmolt hunn.