Souguer d'Gäert goufen als Toilette benotztBeléifte Kiischtebléiefest beim Fuji wéinst ze vill Touristen annuléiert

AFP
Zanter 10 Joer gëtt all Joer an der Stad Fujiyoshida dat beléifte Kiichtebléiefest zelebréiert. Ma elo hunn d'Awunner es genuch mat den Touristen.
© EVELYNE BOYARD/Biosphoto via AFP

Verkéiersstauen, iwwerall Zigarettestëmp op den Trëttoiren a souguer mënschlech Exkrementer a private Gäert. D’Awunner, déi beim berüümtste Bierg a Japan liewen, hunn es sat. Si wëllen dat schlecht Behuele vun den Touristen net méi acceptéieren an dowéinst ass dat traditionellt Kiischtebléiefest an der Stad Fujiyoshida ofgesot.

“Fir d’Dignitéit an d’Liewensëmfeld vun eise Bierger ze schützen, hu mir decidéiert, mam 10 Joer ale Fest opzehalen”, sou de Buergermeeschter Shigeru Horiuchi. Dat rouegt Liewe vun de Bewunner wier duerch déi vill Touristen a Gefor, huet hie weider erkläert. De Park mat Vue op de Bierg Fuji, an deem d’Fest all Joer gefeiert gëtt, wäert wärend der Kiischtebléi trotzdeem op sinn. Nëmmen d’Festivitéite wäert et keng méi ginn. Trotzdeem rechent d’Stad och ouni offiziell Fest mat ville Visiteuren.

De Festival wärend der Zäit vun der Kiischtebléi huet d’lescht Joer 200.000 Visiteuren ugezunn. Och ëmmer méi Touristen aus dem Ausland kommen extra dofir ugereest. Da kënnt nach dobäi, dass d’Wärung Yen den Ament niddereg ass an eleng dofir scho méi Leit vun auswäerts an d’Land stréimen. Duerch d’Mënschemasse koum et zu Fujiyoshida zu méi Stauen. E puer Touristen hunn et souguer fäerdeg bruecht, onerlaabt a Privatgäert anzedréngen, fir do hiert “Geschäft” z’hannerloossen.

De Bierg Fuji gehéiert zu enger vun de beléiftsten Touristenattraktiounen a Japan.

Back to Top
CIM LOGO