De Labo fir JonkerDe Scienteens Lab an d'Freed un der Wëssenschaft

Olivier Catani
Physik, Biologie, Mathematik mol eng Kéier anescht. Keng dréchen Theorie, mee spannend Experimenter.
De Scienteens Lab an d'Freed un der Wëssenschaft
Physik, Biologie, Mathematik mol eng Kéier anescht. Keng dréchen Theorie, mee spannend Experimenter.

De Scienteens Lab proposéiert aktuell 26 verschidde Workshoppen. Elo huet schonn deen zweeten dovun et an d’Take-Off-Show gepackt.

Eng lues Course

Normalerweis geet et bei enger Course ëm Speed, Dynamik an Adrenalin. Am Workshop vum Scienceteens Lab ass dat anescht. D’Schüler mussen eng Béchs esou manipuléieren, dass se méiglechst lues eng Pente erofrullt. Hei musse si also d’Gesetzer vun der Physik geschéckt austricksen. Si hunn dofir verschidde Materialien a sollen duerch Experimentéieren op déi richteg Léisung kommen.

Fräiwëlleg an der Vakanz

Am Scienteens Lab kënne Jonker tëscht 15 an 19 Joer e bëssen Unisloft schnoffelen. Fräiwëlleg, nieft der Schoul. An de Beräicher Mathematik, Biologie, Nohaltegkeet, Physik a Computer-Wëssenschaften. Gegrënnt gouf de Scienteens Lab virun 12 Joer. Aktuell ginn et 26 verschidde Workshops. De Louis Krieger koordinéiert d’Aktivitéite vum Labo fir Jonker a wëll, dass “d’Schüler och gesinn, wéi flott d’Wëssenschaft ka sinn. Net nëmmen dat am Cours léieren, sech un d’Formelen auswenneg erënneren, mee och déi experimentell Säit.”

Zesummenaarbecht mat Take Off

De Béchsen-Challenge ass schonn déi zweet Participatioun vum Scienteens Lab beim Take Off. D’lescht Saison hat hire Biologie-Challenge et an d’Show gepackt. Do hunn d’Kandidate missen eppes bauen, mat deem een d’Laktos aus der Mëllech kann huelen. D’Lucie Zeches vum Luxembourg National Research Fund, dat och Coach bei Take Off ass, ass frou iwwer d’Zesummenaarbecht: “D’Leit froen eis ëmmer, ob mir eis all déi Iddie fir d’Challengë selwer ausdenken. Deelweis schonn, awer mir hunn do ganz vill Hëllef vun aneren Institutiounen, well si hunn deelweis scho richteg cool Workshops, déi ee bëssen adaptéiere muss, fir dann doraus en Challenge ze maachen.”

Wéi d’Ekippe bei Take Off de Béchsen-Challenge geléist hunn, kann een op RTL Play an takeoffshow.lu kucken. En neien Episod vun der Science-Challenge-Show kënnt ëmmer freides ëm 19 Auer op der Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu.

Back to Top
CIM LOGO