
Wéi et vun den nepaleeseschen Autoritéiten heescht, wier de Kenton Cool um fréie Freidegmoie fir déi 20. Kéier um Sommet vum Mount Everest ukomm. Den 52 Joer ale Britt huet domat säi Rekord fir déi meescht Everest-Arrivéeë vun engem net-nepaleeseschen Alpinist gebrach.
De Guide war 2004 déi éischt Kéier um héchste Bierg op der Welt an huet zanterhier bal all Joer sëllege Clienten op d'Spëtzt vum 8.849 Meter héije Bierg gefouert. Nodeems hie sech aacht Joer virdru bei engem Ongléck beim Kloteren déi zwou Feeschte gebrach hat, war him gesot ginn, hie géing ni méi ouni Hëllef goe kënnen.
Zanter 2022 hält de Cool als eenzegen Net-Nepalees den Everest-Rekord. Op d'mannst siwen nepaleesesch Alpiniste ware scho méi wéi 20 Mol um Sommet. Den nepaleesesche Sherpa Kami Rita, deen ënnert dem Numm "Everest Man" bekannt ass, war e Sonndeg fir déi 32. Kéier um héchste Bierg.
Den Alpinisten-Tourismus ass eng wichteg Recette fir Nepal. Trotzdeem gëtt et ëmmer nees Kritik wéinst de Massen, déi op de Bierg wëllen. Fir dës Saison huet d'Land eng Rekordzuel vu 492 Autorisatioune verdeelt. Eleng e Mëttwoch waren 275 Leit um Mount Everest - en neie Rekord.