Frënd Fred, weess Du da vläicht,
wat do kënnt eppes déngen;
all Meedchen, dat ech hinne bréngen,
seet mengen Eltren einfach näischt:
Meng Mamm déi fënnt s‘all blöd an domm
Mäi Papp wëllt net, datt eent hir gläicht,
si dréine mir all Iddi kromm.
Mä Jang, huel eent, datt Dir gefällt,
do hu si näischt ze so’n;
wann d’Léift iech zwee zesummen hält,
da misst et ouni si och go’n.