Aussergewéinlech SportaartDen neie Weltmeeschter am "Ënnerwaasser-Schach" kënnt aus Litauen

RTL Lëtzebuerg
A Polen waren d'Weltmeeschterschaften am "Ënnerwaasser-Schach". E 24 Joer ale Litauer war bei den Hären dee beschten, bei den Damme gouf et eng polnesch Heem-Victoire.
Weltmeeschterschaften am "Ënnerwaasser-Schach"
A Polen war d'WM am "Ënnerwaasser-Schach", un där 62 international Athleten deelgeholl hunn.

De Paulius Pultinevicius aus Litauen ass neie Weltmeeschter am Ënnerwaasser-Schach. Zu Tarnowo Podgorne a Polen waren d'Weltmeeschterschaften, un deenen 62 international Athleten deelgeholl hunn.

Nodeems de Pultinevicius an der Virronn nach bal erausgeflu war, konnt hie sech um Dag vun de Finalle kloer a 4 Partien duerchsetze géint de Kamil Dzida aus Polen. Plaz 3 war fir den Inder Harshit Raja, bei den Damme gouf et iwwerdeems eng Heem-Victoire fir d'Anna Andrzejewska.

Beim Ënnerwaasser-Schach muss een no all Zoch opdauchen, fir Loft ze huelen, wärend de Géigner drun ass fir ze spillen. Agesat gi speziell Schachbrieder, déi um Fong vun engem Baséng festgemaach sinn, op deene magnéitesch Figuren hin an hir beweegt ginn.

Op der offizieller Internetsäit vun der apaarter Disziplin gëtt de Sport als déi ultimativ physesch an intellektuell Challenge beschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO