Serie: "Een Dag am Liewe vun..."D'Aarbecht vun engem Imker

Philippe Dondelinger
Et ass e Beruff, deen dacks ënnerschat gëtt. Et geet ëm Prezisioun a Wëssenschaft an et ass net ouni Risiko.
Serie: "Een Dag am Liewe vun...": D'Aarbecht vun engem Imker
Et ass e Beruff, deen dacks ënnerschat gëtt. Et geet ëm Prezisioun a Wëssenschaft an et ass net ouni Risiko.

Hunneg maachen? Dat kléngt no engem rouege Beruff an der Natur. Mee een Dag mam Imker ënnerwee weist séier: d'Realitéit gesäit ganz anescht aus. 

Beim Paul Jungels vu Branebuerg, dee schonn als Kand wosst, datt hien herno mat Beie schaffe wëllt, geet et direkt zur Saach. D'Stäck ginn opgemaach, kontrolléiert, observéiert an dat alles mat vill Rou, mee och mat Respekt virun de Beien. Konstant gëtt mat Damp geschafft, fir d’Déieren ze berouegen.   

Präzisioun a Wëssenschaft 

Mee nieft dësem prakteschen Deel gëtt et och vill Präzisioun an Technik. 
Eng vun den impressionnantsten Etappen: d'Aarbecht ënner dem Mikroskop. Eng kleng Larv gëtt mat vill Fangerspëtzegefill an de Gelée Royale geluecht, eng Substanz, déi entscheedend ass fir d'Entwécklung vun enger neier Kinnigin. Hei geet et ëm Millimeteraarbecht, ëm Rou an ëm Liewen an Doud. 

Zur selwechter Zäit muss och de Beiestack mat wuessen. D'Beien haten net méi genuch Plaz, also hu mir d'Stäck vergréissert. Eng Aarbecht, déi weist, wéi dynamesch esou e Vollek funktionéiert. Wann alles gutt leeft, explodéiert d'Populatioun bal an da muss den Imker reagéieren. 

 

E Beruff mat Risiko 

Wat ee séier versteet: Imker sinn net nëmmen Handwierker, mee och Observateuren, Wëssenschaftler a Mënschen, déi gläichzäiteg d'Natur verstinn. Si analyséieren d'Verhale vun de Beien, kontrolléieren hir Gesondheet a passe sech permanent un d'Konditiounen un. Mee et bleift e Beruff, bei deem een ëmmer muss oppassen. Eng kleng Onopmierksamkeet an et gëtt ee gepickt. De Paul Jungels huet opgehalen ze zielen, wéi dacks hie schonn a Kontakt mat engem Stachel koum. 

”Ech hunn an 8 Stonne méi iwwer d'Beie geléiert ewéi a menger ganzer Schoulzäit! “ 

No e puer Stonne gëtt eng Saach kloer: dëse Beruff gëtt dacks ënnerschat. Et ass kierperlech ustrengend, verlaangt vill Zäit a vill Gedold an ass gläichzäiteg immens faszinéierend. 
Fir mech steet no dësem Dag fest: Ech hunn an e puer Stonne méi iwwer Beie geléiert ewéi an der ganzer Schoulzäit. An ech hu verstanen, datt hannert all Läffel Hunneg eng Aarbecht stécht, déi vill méi komplex ass, ewéi een denkt.

Back to Top
CIM LOGO