Wann all Beweegung zieltD'Bijoutière Sandra Cifani an hir Konscht vum Detail

Valentine Patry
Philippe Dondelinger
Hir Aarbecht verlaangt Rou, Gedold an en aussergewéinlecht Gefill fir Detailer.
Wann all Beweegung zielt
D'Bijoutière Sandra Cifani an hir Konscht vum Detail

Wann all Beweegung zielt 

Et ass bal wéi eng Choreografie. All Beweegung sëtzt, all Grëff ass präzis. Bei der Bijoutière Sandra Cifani gëtt näischt dem Zoufall iwwerlooss. Hir Aarbecht verlaangt Rou, Gedold an en aussergewéinlecht Gefill fir Detailer. Déi italieenesch-lëtzebuergesch Kënschtlerin huet hire Beruff iwwer Joerzéngte perfektionéiert a schafft haut an hirem eegenen Atelier am Südweste vum Land. 

Bijouen no Mooss 

Amplaz vu Masseproduktioun setzt si op Individualitéit. Bal all Stéck, dat hiren Atelier verléisst, ass eenzegaarteg a gëtt speziell fir de Client entwéckelt. Vun der éischter Iddi bis zum fäerdege Bijou begleet si de ganze Prozess mat vill Erfarung an engem feine Gefill fir Form an Eleganz. 

Eng Technik wéi fein Spëtzt 

Zanter e puer Joer schafft d'Sandra Cifani mat der "Filigran Technik". Dobäi ginn extrem dënn Metalldréit zu komplexe Mustere veraarbecht. D'Resultat: Bijouen, déi bal esou fein ausgesinn ewéi Spëtzt, liicht, elegant a mat vill Detail. Eng Technik, déi zu den eelste Formen an der Bijouterie gehéiert an haut nach ëmmer vill Know-how verlaangt. 

Erfarung, déi ee gesäit 

Hannert all Stéck stinn iwwer 30 Joer Erfarung. D'Sandra Cifani huet net nëmmen an hirem Atelier geschafft, mee och fir grouss Haiser an Italien an an der Belsch. Haut profitéieren hir Clientë vun dëser laanger Rees duerch d’Welt vun der Bijouterie. 

Tëscht Konscht a Handwierk 

Bijoue si fir si net nëmmen Accessoiren. Si sinn eng Form vun Ausdrock. Eng Verbindung tëscht Konscht a Handwierk. An dat gesäit een an all hire Kreatiounen: vill Zäit, vill Präzisioun an eng Passioun, déi een an all Detail ze spiere kritt. 

Back to Top
CIM LOGO