Vill Opmierksamkeet krut den US-Amerikaner Mike Foreman. Hie war 17 Joer laang Astronaut bei der NASA a war 2008 an 2009 op zwou Space-Shuttle-Missiounen. Dobäi huet hien um Bau vun der Internationaler Raumstatioun ISS matgeschafft. Insgesamt huet hie 637 Stonnen am Weltall verbruecht – dovunner 32 Stonne baussent der Raumstatioun bei fënnef Space Walks. "Déi schéinsten Aussiicht op der Welt huet een am Weltraum", erzielt de Mike Foreman. Fir hie wier et onbeschreiflech gewiescht, baussent der ISS ze schwiewen: "400 Kilometer ënnert mir ass d'Äerd, iwwer mir sinn d'Stären. Dat ass einfach surreal."
Wéi vill Kanner, hat och de Mike Foreman scho mat aacht Joer de Wonsch, Astronaut ze ginn. Hie koum 1957 am Ohio op d’Welt – e Staat, aus deem sou munch berüümt Astronaute kommen. De Mike erënnert sech, wéi de Succès vun Neil Armstrong an John Glenn d’Kanner a senger Heemecht gepräägt hat. Hien huet säin Dram verfollegt an ass 1998 vun der NASA als Astronaut ausgewielt ginn. Annerhalleft Joer intensiven Training a weider Spezial-Ausbildungen hunn de Mike op seng éischt Missioun am Joer 2008 preparéiert. “Ech hat ni Angscht, well den Training vun der NASA war esou gutt, dass en all potenziell Ängscht aus dem Wee geraumt huet”, erkläert de Mike, “du weess, wat wäert geschéien, wat kéint geschéien a wat s du muss maachen, falls eppes schif geet. Et ass ee prett an zouversiichtlech.”
Obschonn e keng Angscht hat, erënnert de Mike Foreman sech genee un d’Nervositéit virun sengem éischte Space Walk, bei deem Astronauten d’Raumstatioun verloossen, fir am oppene Weltall drun ze schaffen. “Ech hunn zwar Honnerte vu Stonnen a mengem Kostüm trainéiert, a wousst genee, wat op mech duer kéim, mee ech war net zu 100% sécher, wéi ech mech baussent dem Raumschëff géif fillen”, esou de Mike, “wäert et sech ufillen, wéi wann ech falen? Mee no net mol enger Minutt, war ech komplett entspaant a menger Saach sécher.” Seng Erfarungen am All hätten hie fir ëmmer verännert. Et sinn Erënnerungen, déi fir ëmmer bleiwen – an déi hien haut gäre mat anere Leit deelt.
Am Video-Reportage gëtt et nieft Impressioune vum Asteroid Day Festival och Detailer iwwer d’Luxembourg Space Agency an d’Roll vum Weltall an eisem Alldag.