
Aus Frust iwwer d'Eliminatioun vun der däitscher Nationalekipp an der 16tels-Finall géint Paraguay huet en 32 Joer ale Mann zu Bremerhaven virun engem Café eng Tëlee futtigeschloen an aner Gäscht ugepöbelt. Wéi et vun der lokaler Police en Dënschdeg heescht, huet hien no der Defaite am Eeelfmeterschéissen an der Nuecht géint 1:30 Auer "d'Beherrschung" verluer. Och géigeniwwer Policebeamten, déi op d'Plaz geruff goufen, hat hie sech aggressiv verhalen.
Weider heeescht et vun der Police, d'Verhale vum Mann hätt ënnert de Futtballfans, déi sech de Match bis dohinner friddlech am Café ugekuckt hunn, zu Handgräiflechkeete gefouert. D'Lag hätt sech duerch d'Agräife vun de Beamten awer nees berouegt. De Mann krut e Platzverweis, ausserdeem gëtt géint hien elo wéinst Saachbeschiedegung a Kierperverletzung ermëttelt. Den Ecran vun der Tëlee war futtigaangen, well den 32 Joer ale Fan mat der Fauscht dogéint geschloen huet.
Fir déi däitsch Nationalekipp ass et entretemps schonn déi drëtt WM hannerteneen an där ee fréi rausflitt.