Summersolde lancéiertTrotz waarmen Temperature war d’Loscht op gutt Affäre grouss

Lynn Cruchten
Nach bis den 18. Juli lafen d'Summersolden hei am Land.
1. Sonndeg vun de Summersolden zu Lëtzebuerg
Wärend d'Solden ugefaangen hunn, konnt een och op der Braderie zu Miersch gutt Affäre maachen.

Nodeems e Mëttwoch am ganze Land d'Summersolden ugefaangen hunn, konnt ee vum verkafsoppene Sonndeg a vun der Mierscher Braderie profitéieren.
Nieft reduzéierte Präisser an de Geschäfter hunn zu Miersch eng Rei Stänn an der Strooss mat Kleeder, Bijouen, Deko an anere Produite fir eng flott Ambiance gesuergt.

Och wann den Onlinehandel ëmmer méi wichteg gëtt, bleift fir vill Leit de perséinlechen Akaf attraktiv. Kucken, upaken an umoossen spillt fir vill Clienten ëmmer nach eng grouss Roll.

Fir d'Geschäftsleit sinn d'Solden eng wichteg Geleeënheet, fir d'Stocken ze reduzéieren a Plaz fir nei Kollektiounen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO