
Et ass eng warscheinlech scho Joerhonnerten al Traditioun, déi och elo nach all Joer um Cooper's Hill an der englescher Grofschaft Gloucestershire ofgehale gëtt.
All Joer geheie sech do mat vill Gusto Männer, Fraen a Kanner de Bierg erof a probéieren, am séierste bei deem ronne Läif Kéis ze sinn, deen hinne virun der Nues de Bierg erofrullt. De ronn 3 Kilo schwéieren "Double Gloucester"-Kéis kann am biergof eng Vitess vu bis zu 110 Stonnekilometer erreechen. D'Gewënner an alle siwe Courssen duerften dann och ee schéine ronne Kéis als Präis mat Heem huelen.
Den däitsche YouTuber Tom Kopke ("Tooleko") ass extra vu München aus ugereest, fir sech géint seng Kompetitioun duerchzesetzen. Ma schonn ier d'Course en Dënschdeg offiziell lassgaangen ass, stoung ee Champion scho fest: de Chris Anderson duerft säin Numm an d'Guinessbuch vun de Rekorder androen, well hien tëscht 2002 an 2022 ganzer 23 Mol den Titel gewonnen huet. Hien ass dëst Joer hannert dem Kopke als zweeten duerch d'Arrivée komm.
Trotzdeem gouf et fir de Chris Anderson nach ee méi grousse Grond zur Freed: säin 11 Joer ale Jong William huet eng vun de Coursse gewonnen. Bei de Fraen ass d'Victoire an der Haaptkategorie un déi franséisch Alix Heugas gaangen.