Ex-Mann vum Katy Perry viru GeriichtDe Russell Brand muss sech fir siwe sexuell Delikter veräntweren

AFP, iwwersat vun RTL
D'Virwërf betreffe sechs Fraen. Tëscht 1999 an 2009 soll et zu de Virfäll komm sinn.
De Russell Brand, wéi en zu London an d'Geriichtsgebai erageet.
De Russell Brand, wéi en zu London an d'Geriichtsgebai erageet.
© JUSTIN TALLIS/AFP

De brittesche Komiker a Schauspiller Russell Brand steet e Méindeg virum Southwark Crown Court zu London, wou säi Prozess wéinst enger Rei Fäll vu Vergewaltegung a sexueller Belästegung ugefaangen huet.

Den 51 Joer ale Mann, deen als TV- a Radio-Moderator bekannt ginn ass a mëttlerweil Millioune Follower op de soziale Medien huet, koum zesumme mat senger Fra beim Geriicht un.

De Russell Brand muss sech fir insgesamt siwe sexuell Delikter veräntweren. Sechs Fraen solle betraff sinn, tëscht 1999 an 2009 wier et zu de Virfäll komm. Hie plädéiert op net schëlleg a weist all Ukloen zeréck. Dobäi geet et ëm dräi Fäll vu Vergewaltegung, dräi Fäll vu sexueller Belästegung an een Delikt wéinst onsittlechem Ugrëff.

D'Auswiel vum Jury soll elo ufänken. De Prozess kéint ronn zéng Wochen daueren.

De Russell Brand gouf zu Essex am Oste vun England gebuer an huet schonn als Jugendleche mat Stand-up-Comedy ugefaangen. Hie gouf spéider duerch seng Aarbecht bei MTV an op der BBC bekannt. International Opmierksamkeet krut hien och duerch säi kuerzt, awer vill diskutéiert Bestietnis mat der US-Popsängerin Katy Perry.

Back to Top
CIM LOGO