Bei LondonGrousse Furri um "Surbiton Ski Sunday"

Tom Nols
An engem Viruert vun der brittescher Haaptstad ass déi national Schi-Saison agelaut ginn. Souguer d'Police huet matgemaach.
Grousse Furri um "Surbiton Ski Sunday" bei London
An engem Viruert vu London hunn d'Leit sech Äisstécker ënner d'Féiss gestréckt a sinn domat iwwert eng glëtscheg Pist gerutscht.

Zu Surbiton, an engem Viruert vu London, ass e Sonnde Schi gefuer ginn. Um sougenannte "Surbiton Ski Sunday" war en Deel vun enger Strooss gespaart a mat Waasser a Seef glëtscheg gemaach ginn.

Duerno hunn déi ronn 50 couragéis Participante sech Äisstécker ënner d’Féiss gestréckt a mat Bengelen am Grapp versicht, d’Gläichgewiicht ze halen an esou sou séier wéi méiglech op d’Arrivée ze kommen.

Well d’Méiglechkeeten a Groussbritannien limitéiert si fir Schi ze fueren, hunn d’Organisateure sech geduecht: Wann ee Stécker Holz ënner d’Féiss ka strécken, fir domat iwwer Schnéi an Äis ze fueren, kann een och Äis un d’Féiss maachen an domat iwwert egal wéi eng Surface glëtschen.

Verschidde Kandidaten hu sech och an eng Buedbidde gesat, sou wéi zwee Membere vun der lokaler Police, déi de Spaass matgemaach hunn. Dee Séierste vum Dag war iwwregens ee gewëssen Elliot Newton, an enger Zäit vun 11,25 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO