7. EditiounDe Vëlosummer 2026 gouf offiziell lancéiert

RTL Lëtzebuerg
A Presence vum delegéierten Tourismusminister Eric Thill ass dëse Samschdeg déi 7. Editioun vum Vëlosummer offiziell ugaangen.
Op der Gare op der Giewelsmille gouf de Vëlosummer 2026 lancéiert.
Op der Gare op der Giewelsmille gouf de Vëlosummer 2026 lancéiert.
© anoukflesch

De delegéierten Tourismusminister Eric Thill hat sech zesumme mat de Vertrieder vun de Partnergemengen, lokalen Acteuren a Participanten e Samschdeg op der Gare op der Giewelsmillen Rendez-vous ginn, fir déi 7. Editioun vum Vëlosummer offiziell ze lancéieren. De Vëlosummer ass en Deel vun der Campagne "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz", déi esouwuel Residentë wéi och Touriste motivéiere wëll, de Grand-Duché op eng aner Aart a Weis kennenzeléieren.

De Vëlosummer geet vum 18. Juli bis de 16. August an et gehéiere ronn 500 Kilometer Streck hei am Land zum Projet. Bei der Editioun 2025 haten eng 43.000 Leit matgemaach. All déi wichteg Informatiounen a weider Detailer zum Vëlosummer fënnt een op velosummer.lu.

Back to Top
CIM LOGO