Eng Zort Contrôle technique fir Schäiner
An der héich gesécherter Keess vun der Lëtzebuerger Zentralbank ginn Euroschäiner, déi schonn am Ëmlaf waren, mat spezielle Maschinnen authentifizéiert, gezielt a kontrolléiert.
D’Maschinn verschafft bis zu 33 Schäiner an der Sekonn – dat entsprécht ronn enger hallwer Millioun Billjeeën den Dag. Op Basis vu festgeluechte Krittären, déi am ganze Euroraum identesch sinn, gëtt decidéiert, ob e Schäin zeréck an den Ëmlaf kënnt oder aussortéiert gëtt.
Vum Portmonni an de Schredder
Schäiner, déi ze vill beschiedegt, knaschteg oder zerkniwwelt sinn, ginn zerstéiert an duerch neier ersat. An engem Joer landen esou 8.000 Kilo Schäiner am Schredder. Zu Lëtzebuerg gëtt dee Konfetti verbrannt. D’Liewensdauer vun engem Euroschäi läit am Duerchschnëtt tëscht engem an dräi Joer. Besonnesch de 5-Euro-Schäin notzt séier of, well en dacks de Besëtzer wiesselt.
Riseg Boergeld-Reserven
Hannert décke Sécherheetsdiere stockéiert d’Zentralbank déi logistesch Reserven. Schäiner a Mënzen. Frësch produzéiert an der Stéckelung no verpak. Hei leien déi nei Lëtzebuerger Euromënze mam Portrait vum Grand-Duc Guillaume. An och wann ëmmer méi Leit mat der Kaart bezuelen, géif Boergeld wichteg bleiwen. Virun allem a Krisenzäiten. Wärend der Finanzkris 2008 hätte vill Leit Boergeld opgehuewen. Grad wéi bei Covid an am Ufank vum Ukrain-Krich.
Dee ganze Pisa hannert de Kulisse vun der Lëtzebuerger Zentralbank kann een op RTL Play kucken.