Vu moies 6:00 bis owes 19:00 AuerAll Moment Radio – All Moment Summer

Bob Konsbruck
Mat engem adaptéierte Programm begleede mir Iech an de Summerméint duerch den Dag.
© Luc Marteling

Vum 20. Juli bis den 13. September ass de Radio am Summermodus. Entdeckt all Dag am Summeragenda Manifestatiounen, déi zu Lëtzebuerg organiséiert ginn. Zwee Mol d'Woch kritt Dir Wanderweeër aus dem Grand-Duché an der Groussregioun virgestallt.

Mam ZLS (Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch) bliedert de Radio duerch dat neit Buch "Vun Dräibiz bis Vullemätti – 117 Frechheeten, déi sëtzen". An der Serie "Backstage RTL" léiert Dir Persoune kennen, déi net all Dag um Radio schwätzen oder op der Tëlee ze gesi sinn. Donieft ginn et all Dag Summerpackagë vun RTL ze gewannen a selbstverständlech ass de Radio vum 21. August un och op der Schueberfouer dobäi. Dat ganzt natierlech mam richtege Soundtrack fir de Summer.

All Moment Radio – All Moment Summer – Vu moies 6:00 bis owes 19:00 Auer.

Back to Top
CIM LOGO