Kloer Reegele beim Tosch
Wann engem mol e Schäi futti fiert, kann een domat an den Espace Numismatique vun der Zentralbank an der Avenue Monterey goen. Entscheedend ass, datt een op d'mannst nach d’Hallschent vum Billjee huet. Nëmmen da gëtt de Billjee ëmgetosch. Mat verschiddenen Deeler vum selwechte Billjee zu verschiddene Momenter kommen, geet net. Schäiner flécken, dat ass net méiglech
Falschgeld-Check
D’Mataarbechter kontrolléieren eng Rei Sécherheetskennzeechen, dorënner d’Seriennummer, d’Waasserzeechen, Hologrammen an en integréierte Sécherheetsfuedem. Och no engem Hausbrand oder Iwwerschwemmung kënnen nach Schäiner presentéiert ginn, mee d’Leit mussen "ëmmer genee erkläre kënnen, wat genee geschitt ass, a bei méi groussen Zommen och soen, wou d’Suen hierkommen".
Keng Mënzen an net all al Frang-Schäiner
D’Bank hëlt just Billjeeën a keng Mënzen. Mënze mussen an der eegener Bank oder bei spezialiséierte Wiesseldéngschter ëmgetosch ginn. D’BCL akzeptéiert just déi al Frangschäiner, op deenen "Institut monétaire luxembourgeois“ steet. Aner Schäiner oder Mënze ginn net méi ugeholl.