"Ech géing léien, wann ech géif soen, dass ee Stär keen Zil ass"De Victor Thill ass dat neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Gastronomie

Serge Pauly
Hien ass dat neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Gastronomie, an deet scho vu sech schwätzen: de Victor Thill. Mir portraitéieren de jonke Kach, dee grouss Ambitiounen huet.
De Victor Thill ass dat neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Gastronomie
Hien ass dat neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Gastronomie, an deet scho vu sech schwätzen: de Victor Thill. Mir portraitéieren de jonke Kach.

Enn Mäerz an Dänemark: den Thomas Murer an de Victor Thill realiséiere beim renomméierte Kachconcours “Green Chef International Culinary Competition” déi drëtte Plaz. Am November 2025 waren déi zwee schonn Deel vun der Lëtzebuerger Vatel-Ekipp, déi ee weidere Concours zu Shanghai konnt gewannen. Den Thomas Murer brauch een net méi virzestellen, mee de Victor Thill ass nach e relativ neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Gastronomie.

De Victor Thill an der Kichen.
De Victor Thill an der Kichen.
© Serge Pauly

No sengem Ofschloss an der Dikrecher Hotelsschoul huet de Victor Thill zu Paräis éischt Beruffserfarunge gesammelt, ënnert anerem beim Stärekach Guy Savoy oder als Kach an der Lëtzebuerger Ambassade. No véier Joer an der franséischer Haaptstad koum hien du leschten Hierscht zeréck op Lëtzebuerg. Et war ee bewosste Choix fir seng Heemecht a géint weider Statiounen an der internationaler Gastronomie: “Mäi Choix war ganz kloer, well ech och an der Lëtzebuerger Gastronomie ee gewëssene Punkt wëll setzen, an do och eng gewësse Präsenz wëll hunn. Dat eent schléisst dat anert jo och net aus. Dass ech zeréck op Lëtzebuerg komm sinn, fir meng Meeschterprüfung, fir mir hei en Numm ze maachen, schléisst jo och net aus, dass ech muer net och a Singapur ka sinn”, betount den 22 Joer jonke Kach.

De Victor Thill muss net laang iwwerleeën, fir seng eege Kichen ze beschreiwen: déi wier éierlech, kreativ a spilleresch. Am léifste kacht hie mat lokalen a saisonale Produiten a freet sech, dass elo d’Spargelsaison ufänkt. Virun allem déi skandinavesch Kichen inspiréiert hien. Dofir ass him déi drëtte Plaz beim rezente Concours an Dänemark géint eng staark skandinavesch Konkurrenz och esou wichteg. Fir hie wier et e Prestige, fir bei esou Concourse matzemaachen. Et wier och wichteg, sech en Numm an der nationaler an internationaler Gastronomiewelt ze maachen, erkläert hien am RTL-Interview.

© Vatel Luxembourg

Ënnerstëtzung kritt de jonke Kach dobäi vu sengem Patron Christian Thoma. Hie schafft zënter Oktober am Restaurant um Golf vu Jonglënster, gouf virun zwee Méint do esouguer Chefkach. No der Meeschterprüfung wëll de Victor Thill säin eegene Restaurant opmaachen. “Ech wëll d’Kulinarik hei am Land no vir bréngen”, seet hie selbstbewosst. Dat kléngt no engem zukünftege Stärekach oder net?

De Victor Thill muss e bëssen iwwerleeën, iert hien déi Fro beäntwert: “Ech géing elo léien, wann ech géing soen, dass ee Stär keen Zil oder kee Wonsch vu mir ass. Ech mengen, all Kach op deem Niveau dreemt dovunner, eng Kéier dräi Stären ze besëtzen. Am Endeffekt wëll ech kachen, ech wëll d’Leit glécklech maachen, an ech wëll eng Plaz kreéieren, wou d’Leit sech wuel fillen. Wann dat zesummenhänkt mat engem, zwee oder dräi Stären, da kann ech jo just nach méi houfreg op mech sinn.”

An et muss net ëmmer Stärekiche sinn. De Victor wëll seng Clientë glécklech maachen, esouguer wann déi wéi bei eisem Besuch a senger Kichen nëmmen de Kannermenü – Burger mat Fritte – bestellen.

Back to Top
CIM LOGO