HawaiiVulkan Kilauea nees ausgebrach, Gefor fir d'Awunner op Big Island besteet aktuell awer net

RTL Lëtzebuerg
De Kilauea ass ee vun den aktiivste Vulkaner op der Welt.
Vulkan Kilauea op Hawaii nees ausgebrach
De Vulkan Kīlauea op der greiister hawaianescher Insel Big Island ass nees ausgebrach a späizt Lava-Fontainen an Äschen mat enger Héicht vu bis zu bal 200 Meter

De Vulkan Kilauea ass elo nees ausgebrach a späizt Lava-Fontainen an Äsche bis zu bal 200 Meter an d’Luucht. De Kilauea läit op Big Island, der gréisster Insel vum Inselstaat Hawaii am Pazifeschen Ozean.

Informatioune vum US‑geologeschen Déngscht USGS no hunn d’Eruptiounen zwar nëmme kuerz gedauert, mee si waren deelweis spektakulär.

Gefor fir d’Bevëlkerung besteet aktuell keng direkt, well d’Aktivitéit sech op de Beräich vum Hawaiʻi Volcanoes National Park limitéiert. D’Autoritéiten hunn awer verschidde Stroossen a Parkberäicher gespaart a ruffen Awunner an Touristen dozou op, virsiichteg ze bleiwen. Besonnesch Vulkan‑Gasen a fein Äsche kënne Gesondheetsproblemer verursaachen.

De Kilauea gëllt als ee vun den aktiivste Vulkaner op der Welt a brécht reegelméisseg aus. Zanter Enn 2024 gouf et schonn eng Rei kuerz Eruptiounen, déi vun de Fachleit genee iwwerwaacht ginn.

Back to Top
CIM LOGO