E Lëtzebuerger zu BogotaStéphane Costa: "Kolumbien ass net esou geféierlech, wéi jidderee mengt!"

Rosa Clemente
Et kéint een als Tourist ouni Problem an d'Land reesen, verséchert de 29 Joer ale Lëtzebuerger, deen zënter siwe Joer am Heemechtsland vum Shakira, Juan Pablo Montoya, Pablo Escobar a Co. wunnt.
E Lëtzebuerger zu Bogota
Stéphane Costa: "Kolumbien ass net esou geféierlech, wéi jidderee mengt!"

Zu Bogota, wou de Lëtzebuerger Stéphane Costa lieft, wier et net anescht wéi an anere grousse Stied op der Welt. Et misst een natierlech oppassen, virun allem op d'Pick-Pocketen – also Täschendéif – mee soss géif déi multikulti Haaptstad vu Kolumbien d'Touristen ëmmer wëllkomm heeschen.

2019 ass de gebiertegen Hesper-Bouf a Südamerika geplënnert, dat nodeems hien zu Bréissel op der Uni Anthropologie studéiert huet.

"Ech hat deemools d'Méiglechkeet an d'Ausland ze goe fir ee Semester, an hunn decidéiert, mech fir d'Universidad de los Andes ze mellen. Kolumbien huet mech schonn ëmmer faszinéiert wéinst den indigene Vëlker, déi hei liewen", sou den haut 29 Joer ale Lëtzebuerg.

A wat eigentlech just een oder zwee Uni-Semester sollte ginn, sinn haut scho siwe Joer. De Lëtzebuerger huet deemno 9.000 Kilometer Loftlinn vum Grand-Duché ewech en neit doheem fonnt.

"Natierlech huet Lëtzebuerg nach ee ganz besonnesche Stellewäert fir mech. Meng Famill ass do. Ech sinn och ëmmer nees gären op Besuch dohannen. Mee Kolumbien huet mäin Häerz erobert, hei fillen ech mech wierklech wuel.... am Land, bei de Leit an an dëser Kultur!", sou de Stéphane Costa.

En éischte Kultur-Schock

Ma esou ganz ewéi Lëtzebuerg oder Europa ass et net am südamerikanesche Land. "Et leeft villes méi lues a manner gereegelt, wéi bei eis. Et brauch ee sécherlech e gutt Stéck méi Gedold hei", sou de Lëtzebuerger.

D'Iessen, d'Faarwen, d'Musek, d'Freed an d'Waarmhäerzegkeet vun de Leit géifen dat alles awer kompenséieren.

D'Land huet dem Stéphane Costa op alle Fall eng Rei Dieren opgemaach. De geléierten Anthropolog wunnt a schafft zu Bogota, ass all puer Wochen awer och am Amazonas ënnerwee.

Seng Karriär huet sech nämlech wäit iwwer d'Mënsche-Wëssenschaft eraus entwéckelt: haut schafft hien an der Tourismus-Branche a bitt Touren duerch den Dschungel am Amazonas un. Donieft ass hien awer och am sougenannte Smaragde-Geschäft täteg.

Back to Top
CIM LOGO