
De spektakulären Iwwerfall op de Louvre zu Paräis, bei deem Onéierlecher am Oktober 2025 Bijouen am Wäert vu ronn 100 Milliounen Dollar matgoe gelooss hunn, soll elo zum Film ginn. De franséische Regisseur Romain Gavras, deen ënnert anerem duerch de Film "Sacrifice" mat der Anya Taylor-Joy bekannt ass, wäert d'Geschicht vum Déifstall mat Inspiratioun aus dem investigative Buch "Main basse sur le Louvre" op déi grouss Leinwand bréngen.
Dëst Buch, dat vun dräi Journalisten aus de bekannte franséische Medie Le Parisien, Le Monde a Paris Match geschriwwe gouf, kënnt de Mëttwoch an d'Bicherbutteker. Den zoustännege Verlag Flammarion huet en Dënschdeg confirméiert, datt d'Rechter un der Geschicht schonn un d'Produktiounsfirma Iconoclast verkaaft goufen.
Weder de Film-Titel nach d'Besetzung si bis ewell bekannt.
Den Déifstall hat Enn 2025 international fir Opreegung gesuergt an eng Sécherheetskris am berüümte Musée ausgeléist, déi derzou gefouert huet, datt d'Direktesch Laurence des Cars ofgeléist gouf. Och no siwe Méint Ermëttlungen a Festname vun Haaptverdächtege feelen d'Bijoue weiderhin.
D'Auteure vum Buch schwätzen an hirem Wierk vun engem "Puzzle, dat d'Ermëttler duerchernee mécht". Si ënnersträichen, datt den Iwwerfall illustréiert, wéi d'Klaue vu Konschtwierker fir vill Krimineller zu engem normale Geschäft ginn ass.