Mir maachen et all Dag, ouni grouss driwwer nozedenken: Iessen. Obwuel et esou eng alldeeglech Saach ass, kann een hei vill richteg - oder eebe falsch - maachen. Als Dieteticienne hëlleft d’Natascha Reuter hire Patienten, hir Iessgewunnechten an déi richteg Richtung ze lenken.
An hirer Lycéeszäit huet d’Natascha Reuter eng éischte Kéier ugefaangen, sech fir den Job vun der Ernärungsberoderin ze interesséieren. Wou si dunn am Kader vun hirem Studium an der Belsch méi déif an d’Matière agedaucht ass, huet si natierlech och bei sech selwer eng Rei Saache geännert. Ma méi restriktiv ass et domat net ginn. Der Dieteticienne no ass de geheimen Ingredient an der Ernärung nämlech, keng Angscht virun Neiem ze hunn:“Ech mengen, vill Leit gesinn d’Ernärung als eppes Strenges, als Regimm maachen.” D’Leit hätten dacks Angscht, all méiglech Saache verbueden ze kréien, wa si bei eng Dieteticienne ginn. Ma genee de Contraire wier wouer. “U sech geet et grad drëms, variéiert a méi verschidde Liewensmëttel mat anzebauen an dann erkläre mer de Leit da just, wéi een dat ëmsetze kann.”
Alles hätt en Equiliber an der Ernärung, erkläert d’Natascha Reuter. Et géif och drëm goen, Saachen nei ze entdecken an “net just dat ze iessen, wat een doheem vun den Eltere gewinnt war”. Fir eng equilibréiert Ernärung bräicht et net vill déieresch Produiten, ma et sollt een och emol nei Uebst- a Geméis-Zorten testen, méi Hülsenfrüchten (Leguminosen) entdecken, an allgemeng e bësse méi an déi planzlech Richtung goen. Ee vun de wichtegsten Tuyaue vun der Dieteticienne ass deemno: “Sech mol vläicht och rëm a seng Kichen trauen a sech mol eng Kéier Zäit huelen, fir mol eppes Neies ze entdecken.”
Als Dieteticienne am Spidol këmmeren d’Natascha Reuter an hir véier Aarbechtskolleege sech virop ëm hospitaliséiert Patienten, déi eng ugepassten Ernärung brauchen. Si sinn zum Beispill duerch eng Kriibserkrankung geschwächt, mussen hiren Diabetes richteg astellen, oder mussen no enger Operatioun um Mo-Daarmtrakt mam Iesse besonnesch gutt oppassen. Ma et ginn och ëmmer méi Patienten, bei deenen Iwwergewiicht eng grouss Roll spillt. Hei ass ee laange Suivi besonnesch wichteg. An der Clinique de l’obésité ginn d’Patiente virun enger Moverklengerung dacks schonn e puer Méint am Virfeld preparéiert, ma och duerno gëtt et nach ee laange Suivi. “Well dat awer eng OP ass, déi een e ganzt Liewe laang matbegleet”, erkläert d’Natascha Reuter.
Ma Iesse kann net just Therapie sinn, et ass och Preventioun fir eng Hellewull Krankheeten a gesondheetlech Probleemer: Blutthéichdrock, Iwwergewiicht, Diabetes a souguer Kriibs. Eng rezent Etüd aus Frankräich hätt erginn, datt eng 40 Prozent vun de Kriibserkrankungen duerch e méi gesonde Liewensstil hätte kënnen evitéiert ginn, huet d’Natascha Reuter erkläert. Zwar fält do net just d’Ernärung drënner, ma et wier awer ee grousse Bestanddeel dovunner. “D’Liewensqualitéit gëtt besser an et kann ee souguer méi laang liewen. Eppes, wat och wichteg ass, ass, dass mer eis Muskelmass op d’Liewe laang bäihalen. An dat hu mer duerch Beweegung an duerch Ernärung. Dofir soen ech: Ernärung ass net nëmmen ofhuelen, mee och Preventioun.”

Wat d’Iwwergewiicht ugeet, schwätzen d’Zuele leider fir sech. Zu Lëtzebuerg gëllen eng 40 Prozent vun de Männer a 24 Prozent vun de Fraen als iwwergewiichteg, an d’Tendenz klëmmt. “Et ginn ëmmer méi Fäll vun Iwwergewiicht oder Adipositas, virun allem och an de méi westleche Länner”, constatéiert d’Natascha Reuter. Et géif schonn am Supermarché opfalen. Et gi méi transforméiert Produiten ze kafen, a ronderëm d’Auer kann een eppes tëscht d’Zänn kréien. Bei de Grousseltere wier dat nach anescht gewiescht, esou d’Dieteticienne. “Si hu méi dat giess, wat se haten, oder wat se grad am Gaart haten.”
Wichteg ass et hei, näischt ze iwwerstierzen an e Mëttelwee ze fannen: “Wann ee bis bei der Dieteticienne sëtzt, dann ass een och motivéiert. Da wëll een och alles vun haut op muer an et sinn och Leit, déi kréien dat dann och hin, fir vun haut op muer alles ze änneren. [...] Do musse mir als Gesondheetspersonal natierlech ganz vill oppassen, dass et och net an déi falsch Richtung kippt. Et ka virkommen, dass dat wierklech dann och komplett ongesond gëtt, dass d’Leit dann ze wéineg iessen, ze vill op d’Ernärung oppassen, ze vill Sport maachen, ze vill gestresst sinn.”
D’Grënn fir d’Iwwergewiicht si villsäiteg. Net nëmmen d’Iessen u sech, ma och ee verännerte Liewenswandel dreet säint zu der ongesonder Entwécklung bäi. “Do spillt Stress an eise modernen Alldag mengen ech och eng grouss Roll, dass mer net Zäit hunn, fir ze iessen oder dass mer dann hu missen, wéi mer kleng waren, den Teller eidel iessen, obwuel mer eppes net gären hunn. Dat si Saachen, déi stéieren dann d’Relatioun vun eis selwer zu eisem Iessen. An natierlech d’Beweegung spillt do och eng ganz, ganz grouss Roll, well mer ëmmer méi Beruffer hunn, wou een ëmmer méi sëtzt oder mam Auto fiert.”
Ëmsou besser ass et, sech schonn a jonke Joren déi richteg Reflexer unzetrainéieren. Vermeintlech “Wonnermëttel”, wéi d’Ofhuel-Sprëtz Ozempic, sollt een net ze vill op d’liicht Schëller huelen a se missten och ëmmer ganz no vun engem Dokter begleet ginn. Mat der Pickür eleng géif et net duergoen, fir dauerhaft der Gesondheet ze hëllefen: “Et kann ee sech net e Wonnermëttel duerchsprëtzen a waarden, an da seng Gewunnechten net änneren”, esou d’Natascha Reuter.
Ee Schrëtt an déi richteg Richtung war der Dieteticienne no d’Aféierung vum Nutri-Score, deen d’Iesse vun A bis E a verschidde Kategorien andeelt, deemno wéi gesond se sinn. Et géif de Konsumenten op den éischte Bléck eng gutt Iddi iwwert den Ernärungwäert vun eppes ginn, ma et wier och keng absolutt Science: “Soubal mer eppes vereinfachen, kënnen och mol Feeler optauchen.” Och kéinten d’Firme selwer decidéieren, ob si een Nutri-Score op hir Produite maachen, oder net. Ma et wier virun allem interessant, wann een änlech Produiten ënnertenee vergläiche wéilt, well et net ëmmer einfach wier, Informatioune wéi d’Lëscht mat Ingredienten oder d’Valeur nutritionnelle ze verstoen oder sech an der kuerzer Zäit am Supermarché am Fong unzekucken.
D’Dieteticienne huet eis am Interview awer och nach e puer ganz konkret Tipps mat op de Wee ginn: “Eppes, wat mengen ech oft ënnerschat gëtt, ass dass mer méi Ballaststoffer iesse sollten. Ballaststoffer fanne mer virun allem a planzleche Produiten, alles, wat vum Uebst a Geméis kënnt, vun de Wuerzelen, vum Weess, Nëss, Kären an esou weider, an dat gëtt halt oft ënnerschat. Ech mengen, et gëtt ganz vill vun Eewäiss, vu Proteinne geschwat, vun Ofhuelen, vum Muskelopbau, mee Ballaststoffer sinn awer ëmmer méi wichteg, do ginn et och ëmmer méi Studien. Och op eis Daarmflora hunn d’Ballaststoffer do e ganz positiven Effekt.” Wéi wichteg eng gesond Daarmflora ass, hätt sech an de leschte Joren ëmmer méi erauskristalliséiert. “Et mierkt een, dass déi Daarmflora e vill méi groussen Afloss huet, wéi just d’Verdauung an d’Siedegung.” Ëmmer méi Etüde géife weisen, datt bei kranke Leit d’Daarmflora net am Equiliber wier. Ëmgekéiert wier eng gesond Daarmflora ee wichtegen Deel vun der Preventioun.
Ma genee esou ginn et natierlech och eng Rei Ernärungsmythen, déi sech haartnäckeg halen: “Et kann ee sech vill falsch informéieren op all méigleche Weeër, virun allem Internet, och Tëlee oder sou.” Dacks géifen Etüde falsch interpretéiert ginn, esou datt d’Leit géifen denken, si dierfte keen Zocker méi iessen, kee rout Fleesch, keng Kuelenhydrater. Anerersäits géife se et da mat Saache wéi Eewäiss gäre mol iwwerdreiwen. “Dofir leeë mer Wäert op d’Ernärungspyramid. An effektiv gëtt se och reegelméisseg aktualiséiert, fir ze kucken, wat brauchen d’Leit vläicht méi, wat ass vläicht méi schwiereg ëmzesetzen oder wat gëtt manner kaaft u Liewensmëttel.”
Am beschte Fall wier d’Hallschent vun engem Teller mat Geméis gefëllt, ee Véierels mat qualitative Kuelenhydrater wéi zum Beispill Vollkarproduiten, an ee Véierels sollt Eewäiss sinn. Nieft Fleesch kéint een dofir awer och Fësch, Eeër oder Mëllechproduiten huelen, oder Sojaproduiten an Hülsenfrüchte, wann een an déi planzlech Richtung wëll goen. D’Ernärungspyramid fir Lëtzebuerg an aner Ernärungstipps fannt Dir och hei um Site vu “Gesond iessen - méi beweegen”, deen a Kooperatioun vu verschiddene Ministèren entstanen ass.
