De "Rainbow Passage"En neit Symbol fir Diversitéit, Visibilitéit a Solidaritéit zu Esch

Kyra Feiereisen
Esch-Uelzecht setzt mam "Rainbow Passage" e kloert Zeeche fir d'Rechter an d'Visiblitéit vu queere Persounen.
De Rainbow-Passage läit am Quartier Brill, dee fir seng Immigratiounsgeschicht bekannt ass
De Rainbow-Passage läit am Quartier Brill, dee fir seng Immigratiounsgeschicht bekannt ass
© Loïc Juchem

Am Mee gouf zu Nidderaanwen eng Reebou-Strooss ugeluecht, déi net nëmmen zu villen Haasscommentaire gefouert huet, mä och vandaliséiert ginn ass. Sou ass d'Iddi vun der néier "Rainbow-Passage" an der Escher Uelzechtstrooss entstanen.

Solidaritéit mat Nidderaanwen

"Mir sinn déi éischt 'Rainbow City' zu Lëtzebuerg a mir hunn eis doduerch obligéiert gefillt, dat ze thematiséieren. Dorops ass am Gemengerot decidéiert ginn, [...], datt mir eis Solidaritéit mat Nidderaanwen ausdrécken", sou de Pim Knaff.

Mat ronn 34.000 Awunner ass Esch déi klengst Stad am Rainbow Cities Network (RCN). Si ass am Januar 2014 Member ginn, dat ee Joer no der Grënnung vum Reseau zu Den Haag.

"Rainbow Cities" gesinn et als hir Responsabilitéit, hir LGBTQI-Bierger ze schützen an z'ënnerstëtzen, well Diskriminéierung dacks am direkten Ëmfeld geschitt.

Fir d'Gemeng ass et virun allem eng Fro vu Verantwortung: Et wier un der Stad, op der Säit vun hire Biergerinnen a Bierger ze stoen.

Op enger symbolescher Plaz

Fir Esch ass déi nei "Rainbow Passage" net nëmmen e symbolesche Geste.

"Mir gesinn, datt an Europa an och am Rescht vun der Welt d’LGBTQI-Rechter erëm a Fro gestallt ginn, datt ëmmer erëm probéiert gëtt, déi Rechter ze reduzéieren. Mir kënnen domadder net d'accord sinn. Dat si Grondrechter a mir wëllen eis parteiiwwergräifend hei zu Esch dofir asetzen."

De Standuert gouf bewosst gewielt: "De Reebou läit op enger ganz flotter an symbolescher Plaz. E läit am Brill-Quartier, wat am Fong den Immigratiounsquartier war vu fréier, mä et ass awer och eise kulturelle Quartier."

An der direkter Ëmgéigend befanne sech ënner anerem den Theater, eng Schoul, d'Konschthal an de Musée de la Résistance. Nächst Joer soll do d'Maison de la Diversité hir Dieren opmaachen.

"Esch in Colours"

Et soll awer net bei enger reng symbolescher Aktioun bleiwen: "Mir hu mat Rosa Lëtzebuerg an der Luxembourg Pride zesummegeschafft, fir doraus e Kaderprogramm ze maachen."

Op der Place de la Résistence zu Esch gëtt et de 26. September vu 16 Auer un e Streetfest. Um Programm vum Fest "Esch in Colours" stinn eng Moudeshow vum Nadine Robert a musikalesch Ënnerhalung vun "OKE".

De Pim Knaff wärt déi offiziell Ouverture vun der "Rainbow Passage" als Conseiller vun der Escher Gemeng duerchféieren. Hie wäert d'Evenement also net méi als Schäffe begleeden, nodeems d’Daliah Scholl zënter e Méindeg dës Funktioun iwwerholl huet.

Vun 21 bis 3 Auer ginn d'Feierlechkeete mat engem DJ-Line-Up an enger Drag-Show an der Konschthal Esch weider.

Back to Top
CIM LOGO